Fir déi 10. Editioun ze feieren, hunn d'Organisateure sech dës Kéier dozou entschloss, de Festival zu Uewermaartel iwwer 3 Deeg z'organiséieren.

Iwwert de Päischtweekend ass et nees souwäit, vum 6. bis 8. Juni ass nees de Koll an Aktioun Festival mat Musek, Aktivitéiten a villen anere kreativen Events an Artisten. Niewent engem gefëllte Programm wéi Workshoppen, Street Performances, Filmer déi gewise ginn, eng Roller-Disco, eng Karaoke Bar a vill méi, wäerten et och iwwer 20 Concerte vu lokalen an internationalen Artiste ginn.

Nei dëst Joer ass d'Aféiere vun engem Public Village, also engem Site, dee fir jiddereen accessibel a gratis ass, wou ënnert anerem Plaz fir de "Creators"-Maart, e Food-Village a spontan kreativ Aktiounen ass. Fir bei Concerten a verschiddene Performances dobäi ze sinn, muss een en Ticket hunn, ma de Kär vum Festival bleift oppen an accessibel fir jiddereen.

RTL

© Koll an Aktioun

Programm Freideg

Lass geet et e Freideg de 6. Juni, den neien "Noisy Friday", en Dag, op deem virun allem Metal an aner méi haart Museksstiler ze fanne sinn. Hei trieden d'Lëtzebuerger Metal-Bands "Scarred", "Sublind" a d'Punk-Formatioun "Noise Church" op, sou wéi d'Speed-Metal-Band "Perkölatär" aus der Belsch a "Carmen Colère" aus Frankräich.

Programm Samschdeg

Den Dag drop, samschdes de 7. Juni kann een um "Party Saturday" bis spéit an d'Nuecht d'Hëfte schwéngen, dat bei Live-Musek, Karaoke an enger Roller-Disco. Hei gëtt et da Musek vun de Lëtzebuerger Formatiounen "Dessy Mesk" an "Ice In My Eyes", sou wéi "Francis Of Delirium", déi deen Owend Headliner wäerte sinn. Aus dem Ausland ass d'Noise Rock Band "Marcel" aus der Belsch a "Gwendoline" aus Frankräich um Start.

Programm Sonndeg

De leschten Dag, e Sonndeg den 8. Juni, ass virun allem fir d'Famillje geduecht, wou et dann och Musek fir all Alter gëtt. Ënnert anerem Singer-Songwriter Téin vu "Blue-ish", Vintage-Pop vu "Marcy", rhythmesche Sound vu "Zaltimband", modernem Pop vun "Them Lights", energeetesche Rock vu "Youth Sector" aus Groussbritannien, an dem Headliner "Sababa5" aus Israel, déi psychedelesch Téin mat ëstlecher Musek mixen.

Hei d'Spotifiy-Playlist vun der 10. Editioun vum Koll an Aktioun! Weider Infoen an Detailer iwwert déi eenzel Artisten a Band kann een an aller Rou hei noliesen!

Tickete fir freides kaschte 15 Euro, fir samschdes a sonndes 25 Euro. Fir de komplette Weekend sinn et 40 Euro. Wien awer méi wëll ginn, well een och méi ka ginn, dee kann och dëst maachen an d'Organisateure vum Festival sou ënnerstëtzen. Weider Infoen an Tickete ginn et um offizielle Site vu Koll an Aktioun!