The Voice Luxembourg
De 5. Juni ass ee Casting fir The Voice an The Voice Kids an der Stad

Donneschdes, de 5. Juni, ass vun 18 Auer un am Restaurant "Come à la Maison" an der Stad de Mikro op fir all lokal Talenter aus der Groussregioun.
Et wénkt eng Méiglechkeet, an der Emissioun The Voice opzetrieden.
Fir matzemaachen, muss ee sech virdrun aschreiwen. Dofir muss een e Video vu sech selwer beim Sange vun engem Lidd op castingtvlu@gmail.com schécken. Drun denken, fir Numm, Virnumm, Alter a GSM matzeschécken.
Beim Casting ass och den Direkter Bruno Berberes present. Iwwerdeems trieden zwee fréier Kandidate vun der Emissioun op Maximilien Philippe an Angelo St Ange.
Am meeschte gelies