De 6. Mee 2025 ass et esou wäit: Eng vun de bekanntste Folk-Rock-Bands weltwäit, The Lumineers, kënnt op Lëtzebuerg a steet live op der Bün an der Rockhal – an Dir kënnt dobäi sinn!

Zanter hirem groussen Duerchbroch am Joer 2012 mat hirem Hit "Ho Hey" huet d’Band eng international Fanbase opgebaut. Elo brénge si mat hirer "BRIGHTSIDE Tour" och hei am Land hir bekanntste Lidder op d’Bün.
 
D'Diere ginn um 19:00 Auer op.
 
Dir wëllt dëse musikalesche Moment net verpassen?
 
Da beäntwert ganz einfach dës dräi Froen a – mat e bësse Chance – gewannt Dir eng Koppel Tickete fir dëse ganz besonnesche Concert.
 
Vill Gléck a vill Spaass beim Matmaachen!