Den Delai fir aus dem Batiment4 eraus ass e Mëttwoch ofgelaf, ma Richtung 22 seet kloer, "mir bleiwen hei".

Dat huet d'Kollektiv e Mëttwoch op hirem Site bekannt gemaach. En Interview wollt Richtung 22 net ginn an huet just schrëftlech op d'Froe geäntwert. Datt een den Delai fir d'Gebai ze verloossen, net respektéiert hätt, wier, well een d'Motiver, wéi sou ee erausgeheit gëtt, net novollzéie kann a vun Uschëllegunge schwätzt, mat deenen een net averstanen ass. Et géif ee sech net aschüchtere loossen, et wéilt een awer och kee Geriichtsprozess. frEsch wäert awer eng Plainte deposéieren, sot eis den Direkter Loïc Clairet:
 
Nous allons devoir saisir le juge compétent pour faire valoir le fait qu 'il y a une occupation des locaux alors que le bail est à terme depuis maintenant presque une année.
 
Et wier ee bereet, de Bâtiment4 ze verloossen, wann een zu Esch eng alternativ Plaz kritt, seet Richtung 22. Dat kéint d'frEsch awer einfach net.
 
La seule chose où on pourrait s 'entendre, c'est si le collectif nous dit qu'ils en trouvent un lieu dans les deux, trois prochaines semaines et qu 'ils ont besoin d' un mois, deux mois maximum pour quitter le Bâtiment4. Dans ce cas -là, une discussion, une négociation serait possible.
 
Kënschtler a Kollektiver, déi am Bâtiment 4 sinn, kënnen d'Raimlechkeete gratis notzen. D'Demande wier grouss, sou den Direkter vu frEsch.
 
Nous souhaitions réattribuer ces locaux pour des collectifs ou des artistes qui en ont fait la demande. À ce stade, c 'est d'autres porteurs de projets, d'autres artistes qui ne peuvent pas bénéficier du soutien de frEsch et du Bâtiment4.
 
An den nächste Woche géif sech weisen, wéi eng Suitte déi ganz Affär wäert kréien, huet de Loïc Clairet nach betount.