Confiance, gutt an de Sprooche sinn a keng Angscht viru Publik opzetrieden. Dat si wichteg Punkte fir beim Concours d’Eloquence matzemaachen. 

20 jonk Leit tëscht 11 a 17 Joer hunn um Freideg beim Concours "Speech Olympics" deelgeholl. An de Sproochen Däitsch, Franséisch an Englesch konnten si virun engem Publik iwwer en Thema dat hinnen um Häerze läit, fräi schwätzen. 
 
5 Europaschoulen hei aus Lëtzebuerg hunn un dësem Concours deelgeholl. Et ass déi 6.Editioun a si géif eng éischte Kéier hei am Grand - Duché organiséiert. An de Raimlechkeete vum Europäesche Geriichtshaff. An der Kategorie "Junior" geet de Präis un déi 11 Joer jonk Delia Lorenzen. D'Kategorie "Senior" gëtt vun der 16 Joer jonker Constance Breyer gewonnen.