D'Filmakademie huet en neie President.

Dat deelt d'Akademie e Méindegmoien an engem Schreiwes mat. An dësem heescht et, dass de Fred Neuen d'Nofolleg vum Yann Tonnar untrëtt, dee säi Poste verléisst, fir senge berufflechen Ziler nozegoen.

Wéi et vum neien Direkter, dem Fred Neuen heescht, wéilt hien op der Aarbecht vu sengem Virgänger opbauen an d'Positioun vu Lëtzebuerg an der globaler Film-Landschaft stäerken.