D'Mierscher Theaterdeeg 2025 stinn ënnert dem Motto Jugend an Theater.

Vum 13. bis den 23. Mee dréint sech zu Miersch alles ëm de Jugendtheater.

Am Fokus vun dëser 3. Editioun vun de Mierscher Theaterdeeg sti Jugendlecher op der Bün an am Publikum. Et geet awer och ëm d'Fro, wat gudde Jugendtheater wierklech ausmécht. 
Auteuren an Auteurinne kréien d'Méiglechkeet, hir neisten Texter ze presentéieren an de Public fir ganz nei Theaterproduktiounen z'entdecken.

Um Programm sti 6 Theaterstécker:

VANDALIUM vum Tullio Forgiarini
ONDUGEN vum Fabio Martone
DURCH DIE AUGEN VON ALICE vum Mia Steffen
SMACK CAM vum Raoul Biltgen
REALITY vum Raoul Biltgen
VRECKVÉI vum Simon Longman

a 5 Momenter vum Dialog:

OUVERTURE: "Rede vom Theater" (Raoul Biltgen)
DISKUSSIOUN: Objektiver Schoultheater
THEATERLITERATUR: Auteur*inne liesen hir neisten Texter
DISKUSSIOUN: Talentschmëtt Schoul- a Jugendtheater
FINISSAGE: Was ist Jugendtheater?

D'Mierscher Theaterdeeg 2025 ginn an Zesummenaarbecht mam Lëtzebuerger Literaturarchiv (CNL) organiséiert.

Weider Informatiounen zum Programm an zu de Reservatioune fannt Dir hei.