Direkt zwee Joer hannerteneen huet hien déi meescht Alben a Frankräich verkaf - elo ass de franséische Rapper Werenoi am Alter vun 31 Joer gestuerwen.

"Rou a Fridden, mäi Brudder", huet säi Produzent ënnert dem Pseudonym Babs e Samschdeg op X geschriwwen. Domat huet hie Medieberichter confirméiert, deenen no de Rapper no enger onerwaarter Verschlechterung vu sengem Gesondheetszoustand am Spidol gestuerwe wier.

De Werenoi, dee mat biergerlechem Numm Jérémy Bana Owona geheescht huet, hat mat senger Musek wéi e Komet ageschloen, wéi eng Rei Medien hie beschreiwen. Zuele vum Musek-Verband Snep no huet hien 2023 an 2024 déi meescht Alben a Frankräich verkaf. Trotz sengem Succès war hie baussent der Rap-Zeen relativ onbekannt bliwwen.

Hien huet sech allgemeng zréckhalend Medie géigeniwwer verhal a sot, him wiere Bescheidenheet, Zréckhalung an Aarbecht wichteg, wat him vu senger kamerunescher Famill aus Montreuil bei Paräis bäibruecht gouf. Kënschtler mat den héchste Verkafszuelen ze sinn, wier "eng Iwwerraschung, mä et bedeit, datt mir gutt Aarbecht geleescht hunn", sot de Werenoi am Januar zejoert der Zeitung "Le Parisien" géigeniwwer. De Succès wier séier komm. "Ech denken, dat läit un der viller Aarbecht. Ech verbrénge mat mäi ganzt Liewen am Studio", sou de Werenoi.

"Ech hale mäi Privatliewe léiwer fir mech", huet hie weider betount. "Wann een ze vill schwätzt, seet ee vläicht Saachen, déi een net soe wëll. A mengen Texter soen ech genuch iwwer mech."