Wat fréier e Waassertuerm war, heescht elo H20 an ass eng Konschtgalerie. Zwee Minetter Originaler stellen hei den Ament zesummen aus.

De Jean-Marc Turmes war sech d’Expo “Element” zu Uewerkuer ukucken. Déi zwee Originaler, dat sinn d’Reiny Rizzi an den Théid Johanns. Et mierkt ee séier: déi zwee versti sech.

Théid Johans: "Et war zimlech einfach! D’Reiny sot: ‘Ech maachen eppes am Raum’. Du sot ech: ‘Da maachen ech eppes un de Maueren’. Dann ass dee Problem scho geléist!"
 
Béid Kënschtler hunn eng handwierklech Approche un hir Aarbecht. D’Reiny Rizzi huet dräi Joer laang beruffsbegleedend zu London Textilkonscht studéiert.

Reiny Rizzi: "Ech versichen dräidimensional ze schaffen, andeems ech Skulpture maachen. Déi sinn entweder aus Stoff, oder gehäkelt, mat Bauschaum gefëllt, oder mat Résine iwwerzunn. Ech muss jo eppes hunn, fir dat Ronnt ze behalen, datt et net zesummefält."

 
Den Théid Johanns schafft a Serien. Doduerch, dass hien all Stéck op der Hand kreéiert, ënnerscheede sech d’Objeten am Detail.

Théid Johans: "D’Skulpture sinn zimmlech liicht, well et Stérodur ass. Ech setze Stérodur-Placken openeen, schneide se mam Cutter, a schläife se da mat der Maschinn. Duerno maachen ech Gips driwwer, da maachen ech esou bëssen Deko dorobber, an da lackéieren ech dat Ganzt zwee, dräi mol. Well Wäiss ass net Wäiss. No dräi Kéieren driwwer fuere sinn ëmmer na Wolleken dran. An der Perfektioun nervt dat mech eben. Ech muss awer elo ufänken dat sinn ze loosse wéi et ass."
 
“Element” am Espace H20 zu Uewerkuer ass nach dësen an de nächste Weekend vu Freides bis Sonndes vu 14 bis 18 Auer op.