Bei der 78. Editioun vum Filmfestival zu Cannes goufen e Samschdegowend d'Präisser iwwerreecht.

Palmarès vu Cannes - Aschätzunge vum Joy Hoffmann

D'Palme d'Or, also de Präis fir de beschte Long-Métrage, goung dobäi un déi Lëtzebuerger Co-Produktioun (Bidibul Productions) "Un simple accident" vum iranesche Realisateur Jafar Panahi, déi sech géint 21 aner Konkurrenten duerchsetze konnt. Am Film geet et ëm politesch Prisonéier. De Realisateur setzt sech kritesch mam politesche Regimm am Iran auserneen. Hie war scho selwer e puermol wéinst senge Filmer a senger politescher Meenung am Prisong. Jorelaang duerft en och keng nei Filmer dréinen an den Iran net verloossen. Mat sengem neie Film, dee vun der Lëtzebuerger Firma Bidibul Productions mat produzéiert gouf, krut de Panahi bei der Projektioun zu Cannes virun e puer Deeg 8 Minutte Standing-Ovations. "Un simple accident" gouf deemno och als Favorit fir déi Gëlle Palm e Samschdeg den Owend gesinn.

De Grand Prix hat e Samschdeg dem Norweger Joachim Trier säin Drama "Sentimental Value" mam Elle Fanning a Stellan Skarsgard an den Haaptrolle gewonnen.

Insgesamt ware fir dës Editioun vum renomméierte Filmfestival méi wéi 2.900 Filmer aus iwwer 150 Länner agereecht ginn.

E weidere Lëtzebuerger Co-Bäitrag deen an der Kategorie Séance Special gelaf ass, ass den Animatiounsfilm "Marcel et Monsieur Pagnol" vum Fransous Sylvain Chomet, deen och vu Bidibul Productions co-produzéiert gouf.

An der Kategorie "Un Certain Egard" konnt de Film "La misteriosa mirada del flamenco" vum chileenesche Regissseur Diego Céspedes d'Jury iwwerzeegen. Dëse Präis gouf schonn e Freidegowend iwwerreecht. Lëtzebuerger Bedeelegung gouf et an dëser Kategorie, déi nach onbekannte Realisateuren a Realisatricen dediéiert ass, an der franséischer Produktioun "Love me Tender" vun der Realisatrice Anna Cazenave Cambet mat der Lëtzebuerger Actrice Vicky Krieps an der Haaptroll, déi mat Victoria Productions de Film och produzéiert huet.

Bei der leschter Editioun vum Filmfestival vu Cannes zejoert war mat "All we imagine as light" och eng Lëtzebuerger Co-Produktioun mam Grand Prix ausgezeechent ginn. De komplette Film kënnt Dir bis den 3. Juni op RTL Play kucken.

Den Iwwerbléck vun all de Gewënner vun de Long-métragen

Palme d'Or: "Un simple accident" vum Jafar Panahi
Grand Prix: "Sentimental Value" vum Joachim Trier
Jury Präis: "Sirat" vum Olivier Laxe a "Sound of Falling" vum Mascha Schilinski
Bescht Mise en scène: Kleber Mendonça Filho fir "L'agent secret"
Bescht Dréibuch: Jean-Pierre Dardenne a Luc Dardenne fir "Jeunes mères"
Bescht Actrice: Nadia Melliti fir "La Petite Dernière" vum Hafsia Herzi
Beschten Acteur: Wagner Moura fir "L'agent secret" vum Kleber Medonça Filho
Prix spécial: "Ressurrection" vum Bi Gan