78. Filmfestival vu Cannes
Wéi eng Filmer mat Lëtzebuerger Bedeelegung goufe gewisen?
De Festival vu Cannes ass dëse Weekend op en Enn gaangen, mat enger historescher Palme d'Or fir eng Lëtzebuerger Co-Produktioun.
Mir werfen dofir nach eemol e Bléck zeréck op déi Filmer mat Lëtzebuerger Bedeelegung, déi am Kader vum gréisste Film-Festival vun der Welt gewise goufen. Dat waren der dräi un der Zuel, dorënner 2 Co-Produktioune vun der Produktiounsgesellschaft Bidibul an ee Film mat der Schauspillerin Vicky Krieps, déi onsem Filmexpert Joy Hoffmann en exklusiven Interview ginn huet.
Am meeschte gelies