De Clint Eastwood gëtt 95 Joer al

© AFP
Souwuel viru wéi och hannert der Kamera war den Acteur, Regisseur, Produzent a Komponist wärend 8 Joerzéngten aktiv. E Portrait.
De Clinton Eastwood Junior kënnt 1930 zu San Francisco op d'Welt. Vun den Hiewanne gëtt hie Samson genannt, well hie bei der Gebuert 5,2 Kilo weit. Hien huet schottesch, englesch, iresch an hollännesch Virfaren. Wärend der Zäit vun der grousser Depressioun zitt d'Famill Eastwood vill duerch d'Land, mee léisst sech um Enn awer rëm a Kalifornien néier. De Clint fält am Lycée net mat gudde Notten op, dofir ëmsou méi mat Dommheeten, wéinst deenen hie vu méi wéi enger Schoul flitt. Um Enn geléngt dem Raudi awer nach en Ofschloss.
De College ass näischt fir hien. Den introvertéierte Mann geet doropshin Enn de 40er Jore schaffen - ënnert anerem als Golf-Caddy, an engem Supermarché, als Pompjee, als Schwammmeeschter oder op enger Tankstell. 1951 gëtt den Eastwood vum Militär fir de Koreakrich aberuff. Nach a Kalifornien fält hie bei engem Accident mat engem Militärfliger an de Pazifik, a schwëmmt zesumme mam Pilot zwou Meilen u Land. D'Joer drop gëtt den Eastwood aus dem Militär entlooss. An där Zäit huet hien den Acteur David Janssen kennegeléiert, deen dem attraktiven an athletesche Clint réit, et och mat der Schauspillerei ze probéieren.
1954 dierf den 1 Meter 93 grousse Mann bei Universal virschwätzen. D'Statur passt, de Rescht net. Him gëtt ënnert anerem virgehäit, hie wier steif a géif ze vill duerch d'Zänn schwätzen. Et sollt spéider säi Markenzeeche ginn. No sëllegen Auditiounen dunn den éischte Liichtbléck. Eng kleng Nieweroll am 3D-Monsterfilm Revenge of the Creature. A sengem éischte Kontrakt steet eng Pai vun 100 Dollar d'Woch. Weider kleng Rollen a Kinosfilmer oder an TV-Showe kommen no, mee den Duerchbroch sollt nach net geléngen.
1958 kritt de Clint Eastwood eng Roll an der Western-Serie Rawhide a gëtt domat der breeder Ëffentlechkeet endlech bekannt. An de 7 Joer, an deenen d'Show leeft, ass hien zwar net terribel frou mat senger Roll, mee hie profitéiert vun der Zäit a mécht donieft seng éischt Versich als Regisseur. Leider sinn déi Responsabel awer net begeeschtert vun dëser Aarbecht. Um Enn verdéngt den Eastwood 119.000 Dollar pro Episod. 1964 kritt hien d'Offer, am Sergio Leone sengem Italo-Western A Fistful of Dollars d'Haaptroll ze spillen. Net well hie sou e brillanten Acteur ass, mee virun allem well de Leone sech kee vun den deemools grousse Stare leeschte kann. 15.000 Dollar ginn ausgehandelt, an als Bonus um Enn vum Tournage nach e Mercedes-Benz.
Am Leone sengem Film dierf den Acteur endlech den Antiheld spillen. An der Roll vum "Mann ouni Numm" gëtt den Eastwood an Italien zum Star, a spillt duerno och jeeweils d'Haaptroll am Regisseur sengen nächste Westernfilmer For a few Dollars more an The Good, The Bad and the Ugly. Dono wësse se och zu Hollywood, wien de Clint Eastwood ass. Eng ganz Partie erfollegräich Western- a Krichsfilmer kommen no. Den endgültegen Duerchbroch geléngt 1971 an der Roll vum zweiwelhafte Policeinspekter Dirty Harry. Dobäi hat den Eastwood Chance, well d'Roll war fir d'éischt dem Frank Sinatra an dem Steve McQueen ugebuede ginn, déi awer aus ënnerschiddleche Grënn ofgesot haten.
Dat selwecht Joer debutéiert den Acteur mam Psychothriller Sadistico als Regisseur. Vun do un ass hien op béide Säite vun der Kamera gefrot a beléift. Mat der Zäit interesséiert sech den Eastwood méi fir déi méi ambitionéiert Produktiounen, déi net forcement fir de grousse Public geduecht sinn. D'Kritiker sinn dacks begeeschtert, mee Succès un de Keese vun de Kinoen huet en domat net. D'Karriär kritt en Déif, aus deem hie sech an de 90er erëm erausschaffe kann. In the Line of Fire, Perfect World an The Bridges of Madison County gehéieren zu den Highlighten. D'Kréinung sinn 1992 déi zwee Oscare fir säi Western Unforgiven. Seng Aart a Weis ze schaffen, gëllt wärend senger ganzer Karriär als roueg an effektiv - prouwen ass net senges, meeschtens gëtt direkt den éischten Take geholl.
Am 21. Joerhonnert geet et weider mam Erfolleg. Hie féiert 2003 Regie beim Oscar-präméierte Film Mystic River, zwee Joer méi spéit gëtt Million Dollar Baby mat 4 weideren Academy Awards ausgezeechent. Hien ass den eenzegen Hollywoodstar, dee souwuel als Regisseur wéi och als Produzent zwee Mol mam Oscar geéiert ginn ass, an ass bis haut den eelste Regisseur, deen d'Auszeechnung fir déi beschte Regie kritt huet. Hien huet 41 Filmer an Zeen gesat a war als Produzent un 53 Produktioune bedeelegt. 33 mol hat den Eastwood och seng Fangeren am Spill bei der Musek - als Komponist, Songwriter oder Sänger. D'lescht Joer huet hie mam Geriichtsfilm Juror #2 seng Karriär ofgeschloss.
Zanter de 50er Joren ass de Clint Eastwood an der Republikanescher Partei Member, an huet meeschtens déi jeeweileg Presidentschaftskandidaten ënnerstëtzt. Och den Donald Trump, deen hien awer spéider staark kritiséiere sollt. 1986 gëtt de Star Buergermeeschter vun der kalifornescher Uertschaft Carmel by the Sea, an där hie wunnt. Do bedreift hien och en Hotel, an deem hie säin eegene Béier verkeeft. D'Recettë gi fir de gudden Zweck gespent. Privat flitt den Eastwood gären Helikopter, spillt Golf, an huet op d'mannst 8 Kanner vu 6 Fraen - woubäi hien eng genee Zuel ni verroden huet. Och net duerch d'Zänn.