Wéi funktionéiert ons Welt? D'Physik ass déi Disziplin, déi et ons erkläert, all Zäit fir déi Welt déi ons ëmgitt, déi mir gesi spieren oder direkt moosse kënnen. Dass dës Reegelen awer komplett anerer si wann ee bis op den Niveau vun Atomen oder esouguer nach méi kleng geet, dat sinn Erkenntnesser aus der Quantephysik, an do gëtt dat ganzt Joer 2025 weltwäit den 100. Anniversaire gefeiert.

En Nobelpräis fir «Laser cooling» 

Och zu Lëtzebuerg hat d’Uni e grousst Event iwwer zwee Deeg, "Physics for Future", wou Experten zesummekomm si fir iwwert all déi nei Méiglechkeeten ze diskutéieren, déi sech aus der Recherche ëm d’Quantephysik erginn, a si haten do och en aussergewéinlechen Éieregaascht aus den USA, deen 1997 de Nobelpräis fir Physik krut: de Prof. William D. Phillips dee mat senger Fuerschung derzou bäigedroen huet, dass de sougenannte "Laser cooling" konnt entwéckelt ginn, am Interview erkläert hie wat dat ass.

"Dat ass de Prozess, bei deem mir duerch d’Beliichte vun engem Gas deen extrem kal kënne maachen. An ech mengen, wierklech méi kal wéi alles anescht wat jeemools am Universum existéiert huet. Mir hu Gase bis ënner eng Milliounstel Grad iwwer dem absolutten Nullpunkt gekillt. Den absolutte Nullpunkt ass déi niddregst méiglech Temperatur, déi iwwerhaapt méiglech ass. A mir komme mat Laserofkillung bis op eng Milliounstel Grad bäi. Wat eppes méi waarm ass, wat seng Atomer a Molekülle méi Energie duerch Beweegung hunn. Eppes kill maachen heescht also, dës Atomer a Molekülle méi lues ze maachen."

An dat bedeit se vill besser ënnersichen ze kënnen.

Ouni Quantephysik keng modern Welt
 
D’Konzepter vun der theoretescher Physik si ganz komplex a verstoussen deels och komplett géint dat wat mir soss geléiert hunn, zum Beispill dass Energie a Matière op atomarem oder subatomarem Niveau souwuel e Partikel wéi och eng Well kënne sinn,  mee ouni déi Erkenntnesser wier onsen Alldag haut guer net denkbar, seet de Prof. Williams:

"Ouni d’Wësse vun dëser Wellennatur vum Elektron hätte mir den Transistor ni erfonnt. Ouni Transistor hätt et keng Verstäerker ginn, keng Computeren, keng Handyen, keng Bildschiermer – praktesch näischt vun deem wat onst modernt Liewen ausmécht. Quantemechanik ass entscheedend fir eisen Alldag a fir d’Verständnis vum Universum op submikroskopeschem Niveau. Ouni dat géife mir d’Chimie net verstoen. Net verstoen, wéi eisen Organismus funktionéiert – d’Zellchimie, déi eis Energie gëtt. Näischt géif Sënn maachen ouni d’Quantemechanik. An an der Zukunft erwaarde mir nach méi ongewéinlech Resultater aus der Quantemechanik – Saachen ewéi e Quantecomputer."

Grondlagefuerschung ass en essentiellen Invest an Zukunft 

An dofir wier et och esou wichteg, dass weider a Grondlage-Fuerschung investéiert gëtt, och wann et net direkt wirtschaftlech Virdeeler géing mat sech brénge wier et awer en essentielen Invest an d’Zukunft.

"Wa mir keng fundamental Fuerschung maachen, hu mir net déi nei Iddien, déi d’Innovatioune bréngen, fir eng staark Ekonomie. Mir mussen un déi nächst 10 oder 20 Joer denken. Keen hätt de Wuelstand virausgesot, deen duerch Quantemechanik entstanen ass – eppes wat virun 100 Joer ugefaangen huet. Eis Ekonomie, de Räichtum vu ville Länner, fousst op der Grondlage-Fuerschung!"

U Quantephysik an u Gott gleewen? 

Aner Froen am laangen Interview mam Prof. Williams: wéi hien derzou komm ass sech fir Physik bis haut esou staark ze begeeschteren, wéi d’Sciencen an de Schoule geléiert gi missten, fir dass méi Jonker sech derfir interesséieren, wéi d'Skepsis géintiwwer de Wëssenschaften haut ze erklären ass, a wat och déi sozial Medien dermat ze dinn hunn.  Natierlech hu mir och gefrot wat de Nobelpräis a sengem Liewe verännert huet an op Wëssenschaft a Glawen sech net ausschléissen.

"Dat heescht net, datt ech gleewen, dass d’Wëssenschaft d’Existenz vu Gott beweise kann. Ech si mam (Stephen) Hawking averstanen, datt et kee wëssenschaftleche Beweis fir Gott gëtt, mee et gëtt awer och kee wëssenschaftleche Beweis, dass et Gott NET gëtt. Ech gesi kee Widdersproch tëscht mengem Glawen an der Wëssenschaft mee mäi Glawe baséiert net op Wëssenschaft, mä op dem Glawen."

Kuckt hei de ganzen Interview mam Physik-Nobel-Laureat Prof. William D. Phillips (Iwwersat)
Kuckt hei de ganzen Interview mat Lëtzebuergescher Iwwwersetzung
Kuckt hei de ganzen Interview mam Physik-Nobel-Laureat Prof. William D. Phillips (Original)
Kuckt hei de ganzen Interview ouni Iwwersetzung op Englesch