D'Famill vun der Museksikon huet dës Noriicht e Mëttwoch matgedeelt.

De Brian Wilson, kreative Kapp vun de Beach Boys, ass dout. Mat de Beach Boys war de Brian Wilson an den 1960er Jore weltberüümt ginn. Hien ass 82 Joer al ginn.

De Museker huet déi zweet Leadstëmm vun de Beach Boys gesongen an huet déi meescht Lidder vun der Band an den 1960er an 1970er Jore komponéiert.

D'Beach Boys hunn Honnerte Millioune Placke verkaaft. Zu hire gréissten Hits zielen "Surfin' USA", "Wouldn't It Be Nice" und "Good Vibrations".