D'Philharmonie feiert hir 20 Joer
D'Concertshaus konnt sech trotz deemoleger Kritik iwwert déi leschten zwee Joerzéngten als kulturell Institutioun an eisem Land etabléieren.
Fir de Gebuertsdag ze feieren, huet d’Philharmonie elo eng Foto-Ausstellung, déi seng Geschicht retracéiere soll, zesummegestallt an um Donneschdeg war de Vernissage.
Virun 20 Joer gouf d’Philharmonie mam grousse Concertssall Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte gebaut. Haut op den Dag genau goufen d’Bauaarbechten ofgeschloss an déi offiziell Aweiung mat der groussherzoglecher Famill ofgehalen. Bis haut ass vill geschitt, et goufen déi ënnerschiddlechste Concerte gespillt an esou konnt d’Philharmonie zu deem wichtege Gebai ginn, wat se haut ass.
Um Vernissage vun der Foto-Ausstellung, déi extra fir dëse Gebuertsdag opgestallt gouf, waren aktuell, wéi och fréier Mataarbechter oder Matwierkend vun der Philharmonie dobäi, wéi och Ministeren a Ministeschen dobäi fir zesummen ze feieren. Et war e Moment fir déi Vergaange Jore Revue passéieren ze loossen, dat natierlech a musikalescher Begleedung. D’Pianiste Colino Toniello a Cathy Kier hu verschidde Stécker um Piano gespillt an de Pascal Schumacher konnt e Lidd um Xylophon virspillen.
Am ganze 40 Fotoen hänken am Kader vun dësem Gebuertsdag am Gank vun der Philharmonie. Et bitt sech also un, wann een et an de leschten 20 Joer nach net gemaach huet, emol eng Kéier e ganzen Tuer ronderëm ze trëppelen a sech och déi aussergewéinlech Architektur vum Gebai unzekucken.
Op de Fotoe gesäit ee besonnesch Momenter déi d’Vergaangenheet vum Concertssall gepräägt hunn.
Nach bis den 1. November wäerten d’Fotoen ënnert der Palissade an der Philharmonie hänken an no der Summerpaus geet et am September och erëm mat engem diverse Programm weider.