Sange géint d'Zerstéiere vun der Natur

De Chouer Jubilate Musica feiert 40 Joer a mécht den nächste Weekend um Kass-Haff an am LUGA-Lab am Pafendall op den aktuellen Ecocide opmierksam.
"Let's Change the Rules" heeschen déi zwee Concerten, déi de Chouer Jubilate Musica de 5. Juli ëm 19 Auer um Kass-Haff zu Rolleng bei Miersch an de 6. Juli ëm 18 Auer am LUGA-Lab am Parc Odendahl am Pafendall organiséiert a bei deenen 10 aner Chéier a 3 Soliste sangen.
D'Concerte si gratis a stinn am Kontext vum 40. Anniversaire vum Chouer Jubilate Musica.
Et geet dobäi drëms, ze sangen respektiv ze sensibiliséieren, fir datt den Ecocide – also d'Zestéierung vun der Natur – als en internationaalt Verbriechen unerkannt gëtt.
Weider Informatiounen iwwer d'Sensibiliséierung zum Theema Ecocide Law duerch d'Sange gëtt et um Site vu Choirs for Ecocide Law.

Weider Informatiounen iwwer de Concert:
Sous la direction artistique de : Nicolas Billaux
Oeuvre chorale : Let's Change the Rules.
Compositeur.rice.s : Simon Marainen, Merzi Rajala, Moira Smiley, Simone Tandberg Christensen, Federico Trindade, Astrid Vang-Pedersen, Kevin Fox, Genevieve Andersen, Chris Hutchings, Peder Karlsson
Solistes : Stephany Ortega, Muriel María, Noémie Leer
Accompagnateurs : Keyboard : Luca Sales, Drums : Franck Hemmerlé, Bass : Vedran Mutić
Choirs for Ecocide Law Luxembourg / Chorales participantes :
Ensemble Vocal Jubilate Musica
Concordia – The Voices
Choeur éphémère de l’INECC
Chorale militante
Cours de chant choral pour adultes de l’UGDA
Home Sweet Home
Kammerchor Portavoci
Melodic Vibrations
EME-Chouer Op der Schock
Lycée Ermesinde Mersch
Lënster Ourewiirm
Une collaboration de :
Ensemble Vocal Jubilate Musica
CELL – Citizens for ecological learning and living
Kass-Haff – ferme biodynamique pédagogique
LUGA – Luxembourg Urban Garden
INECC Luxembourg – Institut européen de chant choral Luxembourg
SNL – Société des naturalistes luxembourgeois
