Danz-an Theaterproduktiounen zu Avignon
De Festival vun Avignon ass ee vun de wichtegsten Theater-Festivallen op der Welt.
Zënter 1948 ass déi kleng Stad Avignon an der Provence ee Mol am Joer am Ausnamezoustand. Ma net just Theater steet hei am Fokus, de Spectacle vivant am Allgemenge verbreet sech hei an allen Ecken an Theateren. De Festival vun Avignon ass an zwou Sparten opgedeelt, eemol de sougenannten In, d’Haaptprogrammatioun vum Festival mat 42 Spektakelen. An da gëtt et och nach den Off, eng Sektioun, déi vill Spillraum erlaabt, an éischter déi kleng Büne bespillt. Iwwer 1.700 Spektakelen aus der ganzer Welt kann een an 139 verschiddenen Theatere gesinn. Eng enorm Zuel, déi mécht, datt d’Artisten an de Stroosse vun Avignon ënnerwee sinn, fir hire Spektakel ze promouvéieren. Et wëll een natierlech net ënnergoen an der Mass.
Dëst Joer sinn dräi Lëtzebuerger Produktiounen am Off mat dobäi. "The Great Chevalier" vum Simone Mousset, "Ce que j’appelle oubli" vum Sophie Langevin an "En Quête" vum Fábio Godinho.
"Ce que j’appelle oubli"
Theaterstéck baséiert op enger reeller Geschicht an um Text vum Laurent Mauvignier. De Monolog mam Luc Schiltz ass vum Sophie Langevin fir d’Bün inzenéiert ginn. Et geet ëm e Mann, deen zu Lyon an e Supermarché geet, sech eng Bécks Béier hëlt a se drénkt. Op eemol dauche véier Sécherheetsleit op, ëmzéngelen hien a bréngen hien an d’Lager. Hie gëtt doutgeschloen.
Den Text ass en Appell un d’Mënschlechkeet an eis an erzielt déi dramatesch Geschicht vun engem Mann, dee wéinst näischt, enger Banalitéit, also enger Bécks Béier, ëmbruecht gëtt.
"The Great Chevalier"
Den M. Chevalier, den neien artisteschen Direkter vum "Ballet National Folklorique", gëllt als eng vun den innovatiivste Persounen am Beräich vum zäitgenësseschen Danz. Zu Avignon ass hien am Gaart l’ancien Carmel ze gesinn. Eng Plaz, déi et erméiglecht, en Hommage un déi historesch Lienen tëschent dem Gaart an dem Ballet National ze maachen. Et ass äusserst seelen, de M. Chevalier selwer op der Bün zu Avignon ze gesinn. Hie performed hei seng Klassiker, dorënner de bekannte Dauwendanz. Den M. Chevalier ass bekannt fir seng visionär Iddien a bréngt eng grouss Exzellenz mat. Hie gëllt als den Meeschter vum folkloristeschen Danz.
De Ballet national Folklorique vu Lëtzebuerg erëm operliewen ze loossen, war der Lëtzebuerger Choreographin Simone Mousset immens wichteg. Si co-dirigéiert Danz Compagnie a probéiert de folkloristeschen Danz vu Lëtzebuerg weider ze verstäerken.
"En Quête"
Et ass e ganz perséinleche Projet vum Regisseur Fabio Godinho, wou et ëm d’Multikulturalitéit hei zu Lëtzebuerg geet. D’Theaterstéck exploréiert Theme wéi Identitéit an d’Sich no sech selwer. Inspiréiert vun Temoignagen, vermëscht "En Quête" Fiktioun a Realitéit. Et geet ëm déi individuell a mënschlech Geschichten hannert den Deplacementer an de Visioune vun engem bessere Liewen. D’Stéck weist deemno och déi verschidde Manéieren, säi Liewen ze veränneren, fir iergendwou anescht erëm en neit opzebauen. Gespillt gëtt op verschidde Sproochen. "En Quête" weist Extremer vun der mënschlecher Erfarung, wou Einsamkeet an Hoffnung Hand an Hand ginn. A wou d’Stäerkt vu multikulturelle Communautéiten ervirgehuewe gëtt.
De Festival vun Avignon leeft vum 5. bis den 26. Juli a gespillt gëtt all Dag bis op e puer Ausnamen.