Wa richteg Polizisten zu Acteure ginn
E puer Passanten dierften um Dënschdegmoien iwwerrascht gewiescht sinn, wéi d'Police bei der Gëlle Fra am Asaz war.
Dat awer net fir e Brigang ze fänken oder d'Vitess ze kontrolléieren, mee fir bei engem Tournage vun enger Webserie dobäi ze sinn.
Op Nofro huet d’Police erkläert: "Mir wëssen, datt d’Produktiounsfirma Six Letters do eng Serie dréint, bei där och Poliziste matspillen. Participatioune vun eise Leit un esou Tournagë sinn op fräiwëlleger Basis an natierlech ausserhalb vum Déngscht."
Tatsächlech handelt et sech ëm d'Dréiaarbechte fir d'Serie "Flick", eng Lëtzebuerger Produktioun, entwéckelt vum Duo Anne Klein a Momo Sinner. An dëser Serie iwwerhëlt d’Anne Klein nieft der Regie och d’Haaptroll vun enger onkonventioneller Policebeamtin mam Numm Anne Engel, eng exzentresch, chaotesch an intellektuell brillant Figur, déi wéinst hirem Erscheinungsbild a Verhale vill ze dacks ënnerschat géif ginn, esou schreift et d'Produktiounsfirma Six-Letters an engem Communiqué.
Gedréit gëtt Flick vum 15. bis den 18. Juli 2025 op verschiddene Plazen an der Stad.