Skunk Anansie huet Wolz gerockt!
Mat Tonnen Energie, vill Charme, Sympathie an enger helle Wull Gefluchs huet d’brittesch Band Skunk Anansie déi 1.800 Leit zu Wolz um Mëttwoch Owend komplett begeeschtert.
Vun der éischter Sekonn un huet d’Frontsängerin Skin vu Skunk Anansie de Public komplett konnten an hire Bann zéien. 30 Joer no hirer Grënnung an 8 Joer zanter hirem leschten Album ass et praktesch wéi e Comeback vun enger legendärer Band.
D’Energie, déi d’Sängerin mat ëmmerhi 57 Joer op d’Bün bréngt an iwwer bal zwou Stonnen ofliwwert, wéi si ronderëm hopst, spréngt, de Public matzitt fir ze klappen, ze danzen, ze sprangen an ze sangen, ass faszinant. An dann natierlech déi onverkennbar Stëmm, déi vun extremen héije bis extremen déiwen Téin op all Nout sëtzt. Nieft hire gréissten Hits wéi "I Believed in You", "Secretly", "Weak" a natierlech "Hedonism" huet d’Band awer och véier nei Lidder vun hirem neien Album "The Painful Truth" gespillt. Wat et méi däischter ginn ass, wat och de ganze (souwisou wonnerschéinen) Kader vum Wëlzer Festival ëmmer méi mystesch wierke gelooss huet an dat liicht skurrilt Bünebild nach méi an Zeen gesat huet.
Ëmmer erëm huet d’Skin sech un de Publikum adresséiert, Erklärunge virun allem iwwert déi nei Lidder ginn a sech et net huele gelooss, wann et ëm dono war ze fluchen. Dat Ganzt gekoppelt mat engem extrem sympathesche Laachen a kenger Schei. De Public war zum Deel en eeleren, wat jo och net verwonnerlech ass, ma eng ganz Partie Leit haten hir Kanner awer och matbruecht, déi d'Altersmoyenne e Stéck erof gedréckt hunn.
Datt d’Band eng formidabel Zäit op der Bün hat, war däitlech ze gesinn an och ze spieren. Skunk Anansie hunn net just bewisen, datt se eng Band mat enormem Power sinn, déi och no iwwer 30 Joer nach ëmmer extreeme Succès bei de Leit huet, ma versprieche mat hirem neien Album och dofir ze suergen, datt et net déi lescht Kéier war, déi ee se live kann erliewen. Den ausverkafe Concert e Mëttwoch den Owend zu Wolz huet op alle Fall Loscht gemaach, souwuel déi al Hits, wéi och déi nei Lidder méi dacks ze lauschteren.