Congés Annulés an de Rotonden

Et ass d'Géigebeweegung vum Congé collectif, d'Ekipp vun de Rotondë bidden all Summer eng grouss a villfälteg Museksprogrammatioun un.
Am Kader vun hirem Summerprogramm "Congés Annulés“ kann ee vum 25. Juli bis den 21. August vu vill verschidde Concerten an de Rotondë profitéieren. Déi meescht Kulturhaiser maachen iwwert den August hir Diere ganz zou oder hunn e reduzéierte Programm. Zënter 17 Joer maachen d’Rotonden elo schonn de Géigendeel a suergen dofir, datt och am August vill lass ass.

© Loïc Warin
De 25. Juli ass dann d'Opening Night mat Totorro, Ebbb, First Mote a Luster Club. Wärend de 4 Woche vum Festival kommen hei di ënnerschiddlechst musikalesch Genren zesummen. Ma ronderëm d'Museksprogrammatioun sinn dëst Joer awer och nees aner Evenementer geplangt, dorënner ganz nei, de "Congés Annulés Family Day". De 26. Juli kann een also hei vu 17:00 - 21:00 Auer kreativ Atelieren, Concerten an Dj-Sets fir déi ganz Famill erliewen. De 4. August ass e Musek-Quiz, organiséiert vum Radio 100,7 an de 17. August ass de sougenannte "Vide-Disques & Merch-O-Rama" fir all Vinyl- a Merch-Liibhaber.
D'Clôture vum Festival ass den 21. August mat der Indie Rock Band Delivery an dem Dj Set vum Kuston Beater.