Echterlive 2025 mam Zoe Wees
D’Zoe Wees ass aus der Popzeen net méi ewechzedenken. Scho beim éischte Song hat si de Public an hire Bann gezunn.
D’Zoe Wees ass aus der Popzeen net méi ewechzedenken. Scho beim éischte Song hat si de Public an hire Bann gezunn. Op hirer aktueller Tour huet si Lidder vun hirem Debutalbum " Therapy" an och ganz nei Songs am musikalesche Gepäck an domadder och vill Emotiounen.
Oppen an éierlech deelt si duerch hir Lidder mat hire Fans hir perséinlechst Geschichten an dat ganz ouni e Bou ëm schwiereg Themen wéi toxesch Bezéiungen a Gewalt ze maachen. Ganz oft gëtt déi jonk Sängerin als Stëmm vun hirer Generatioun bezeechent.
D’Musek ass fir d’Zoe Wees deen eenzege Raum, an deem si ganz lassloossen an hire Gedanke fräie Laf loosse kann.
Um Freideg Owend wäert de Weltstar Ronan Keating op der Bün am Abteishaff stoen.
E Samschdeg ass dann déi bekannten Deluxe Night mat enger grousser Panoplie u Lëtzebuerger Artisten wéi Laura Thorn, Francis of Delirium, Joel Marques oder Barkissa.
Den Entrée fir d’Deluxe Night ass gratis.
Um Programm vun der Closing Night e Sonndeg stinn déi däitsch Nowuesskënschtlerin Sophia, de Sänger a Gittarist Josh Island an, zum Ofschloss vum Festival, dee bekannten däitsche Popartist Nico Santos.
Nieft de Concerten am Abteihaff kritt ee Samschdes a Sonndes, vu 14 bis 18 Auer, och op der Maartplaz ee gratis Kaderprogramm gebueden. Op dësem sti flott Animatiounen a Workshoppen fir Grouss a Kleng an och Concerten vun Authentica, Kinga Rose, Fred Barreto & Nadja Prange an Lazy Louis Blues Duo.
Dee kompletten, detailléierte Programm vum Echterlive an Ticketen fannt Dir hei