14 Projete ginn an der 3. Sessioun vun dësem Joer finanziell ënnerstëtzt

Dat huet de Comité de sélection e Méindeg den Owend matgedeelt.
D’lescht Woch war de Selektiounscomité vum nationale Filmfong nees zesummen. 14 Film-Projete goufen do aus enger Lëscht vu 27 Demanden zeréckbehalen, déi finanziell wäerten ënnerstëtzt ginn. Sief et via eng Produktiounshëllef, oder eng fir mol Dréibicher ze schreiwen. Dat fir e Gesamt-Montant vun eppes iwwer 7,4 Milliounen €.
Am Ganze kréien 9 Filmer vun lëtzebuergesche Realisateuren e finanzielle Support, dovun: 2 Live-Filmer, 3 Live-Serien, een Animatiounsfilm, an 3 Kuerzfilmer.
De gréissten Eenzel-Montant erfält op d’Live-Serie "Marginal-2", vum Realisateur Loic Tanson mat 3 Milliounen Euro.
An der Produktioun goufe véier Projete vu Lëtzebuerger Realisateuren ënnerstëtzt :
D’Série fiction MARGINAL – 2 vum Loic Tanson an Frederic Zeimet
De court-métrage FOUDRE vum Alexandre Bordier
De court-métrage L'ÉTOILE vum Jiyun Jeong
De court-métrage STUFFED COMPANION vum Ken Barthelmey
De court-métrage MASKING ROSA vum Nina Bodry.
Am Ganze ginn 9 Filmer ënnerstëtzt, och d'Serie Capitani kritt fir eng drëtt Staffel finanziell Hëllefen.
Déi komplett Lëscht mat alle Projeten, déi zeréckbehale goufen, fannt Dir hei.