LILITH: en Theaterstéck ënnert oppenem Himmel
Am Kader vun der Luga gëtt den Ament en Theaterstéck vum Grupp Maskénada am Park nieft der Villa Louvigny opgefouert.
Lilith nennt sech d'Stéck, an et ass eng Komedie inspiréiert un der biblescher Schëpfungsgeschicht vum Adam a Lilith.
LILITH spillt sech am Gaart Eden of. Am Paradäis, wou déi bekannte Schëpfungsgeschicht aus der Bibel sech och ofspillt. Ausgangspunkt vun der Handlung ass eng jiddesch Mythologie, déi beseet, dass d’Lilith als Géigestéck zum Adam geschaaft gouf an dat nach iert et verbuede war, vum Bam vun der Erkenntnis z’iessen. Genau dat mécht d’Lilith och a gëtt sech, nodeems et d’Fruucht vum Bam giess huet, ville Saache bewosst a flücht doropshin.
An der Kultur gëtt d’Lilith dowéinst dacks als dämonesch Figur duergestallt, dacks och zesumme mam Satan. Am Theaterstéck vu Maskénada kritt d’Lilith e bëssen eng aner Roll a gëtt also feministesch Figur duergestallt, déi sech géint déi gesellschaftlech Norme stellt an hiren eegene Wee geet. Deemno ass et net nëmmen eng Komedie, mee och e feministescht Theaterstéck. Verkierpert gëtt d’Lilith vun der Schauspillerin Fabienne Elaine Hollwege.
Dem Lilith säin dämonescht Géigestéck, de Luzifer oder och Satanael genannt, gëtt vum Luc Lamesch zum Liewen erwächt. Änlech wéi d’Lilith ass den Däiwel laut der biblescher Erzielung och eng rebellesch Figur, séi sech géint dem Gott säi Wëlle gestallt huet an doropshi bestrooft gouf.
Et ass eng Geschicht, déi vill Leit bekannt ass. Wat awer fir vill eppes Neies ass, ass dass d’Theaterstéck dobaussen opgefouert gëtt. Dat bréngt natierlech allerhand Schwieregkeete mat sech. Esou huet de Reen der Ekipp schonn e puer Mol e Stréch duerch d’Rechnung gemaach, wouduerch Spilldeeg ausgefall sinn. Och deen oppene Raum, ouni Luuchten an Dekor, esou wéi onvermeidbar Geräischer, déi an enger Stad ze héiere sinn, maachen dat Ganzt zu engem aneren Erliefnis.
Et wier awer, esou d’Schauspiller och immens flott am Park ze spillen. Et géifen ëmmer rëm Leit zoufälleg op hiren Theater stoussen a nokucken an och de Fait, dass an der Natur gespillt gëtt, géif déi ganz Geschicht méi realistesch maachen.
Kucke goe kann ee LILITH nach den 8., 9. an 10. August an de Park André Edouard an der Stad.