Mir ware si an hirem Atelier zu Bréissel besichen a mir hu si an hirer Ausstellung "Hot Flashes" am Casino getraff.

D'Aline Bouvy ass eng belsch-lëtzebuergesch Artistin, déi, nodeems si hir Kandheet a Jugend zu Lëtzebuerg verbruecht huet, elo hiren Atelier an hir Heemecht zu Bréissel huet.

Am Mäerz ware mir déi multidisziplinär Kënschtlerin, déi virun allem fir hir immersiv Raum-Installatioune bekannt ass, an hiren Atelier op der Place Sainte-Gudule zu Bréissel besichen. Schonn do huet si ë.a. u Konschtwierker fir hir éischt Ausstellung zu Lëtzebuerg geschafft.

Am Casino kann een zanter Enn Juni d’Expo mam Titel "Hot Flashes" gesinn. D'Kënschtlerin weist hei eng Rei plastesch Aarbechten an Installatioune ronderëm d’Thema Kandheet an Identitéit. D’Visiteure solle sech hei mat de Grenzen tëschent hirem eegene Kierper a Reim auserneesetzen a gesellschaftlech Normen hannerfroen.

Aline Bouvy an hirer Expo "Hot Flashes"
Casino Luxembourg

2026 wäert d'Aline Bouvy Lëtzebuerg bei der Biennale zu Venedeg representéieren.