E Foto-Projet iwwer d'Relatioun tëscht de Schéifer an hiren Déieren
Dem Liz Lambert hire Projet "Transhumanz" leet de Fokus op d'Relatioun tëscht de Schéifer an hiren Déieren.
2024 hat den CNA fir säi bekannte Fërderpräis mat der LUGA kollaboréiert. D’Gewënnerin vun dësem Präis ass d’Fotografin Liz Lambert, déi sech an hirem Projet intensiv mat der Traditioun vun der Transhumanz auserneegesat huet, enger uraler Praxis, bei där d’Véi iwwer Wisen, duerch Dierfer an iwwer Stroosse gedriwwe gëtt.
Zanter Enn Juni kann een hir Aarbecht an enger Ausstellung am Pomhouse vum CNA zu Diddeleng entdecken.
Wärend néng Méint hat d’Liz Lambert fir hire Projet " Transhumanz " eng vun deene leschte Schéifereien vu Lëtzebuerg an hir Häerden op Wanderschaft queesch duerch d’Land begleet. Dobäi entstane si spontan, intim a virop authentesch Momentopnamen.
"Mir war et effektiv wichteg, dass näischt gestallt gëtt, dass ech, wéi ech ëmmer schaffen, einfach Maische spillen, beobachten, kucke wat geschitt, kucke wat mech inspiréiert, wat ech wëll, wat ech wëll afänken, wat ech wëll erzielen. Dat waren halt da lauter spontan Momenter. Dat heescht, ech hu mir einfach Deeg erausgesicht, wou et mir gutt gaangen ass, oder wou ech wousst, haut ass iergendwéi eng ganz speziell Wanderung, do wëll ech dobäi sinn. An da sinn ech einfach matgelaf ", sou d’Liz Lambert.
Hire Fokus louch op de Relatiounen tëscht de Schéifer an den Déieren, ma och op der Manéier, wéi d’Transhumanz eng Verbindung tëscht ländlechen an urbane Raim kreéiert.
Zanter dem 31. Juli a bis de 4. September inclus, kann een eng Visitt vun dëser Ausstellung all Donneschdeg mat engem gesellegen Afterwork verbannen an zwar am Kader vum "So So Summer" am CNA.
D’Expo Transhumanz leeft nach bis den 21. September.