Sonn, Sonn, a Sonn, wat brauch ee méi! Keng Drëps Reen, keng Canicule, keng Wiederwarnung: et war a Punkto Wieder definitiv méi wéi perfekt, an dat huet sech och um drëtten Dag vum Iechternacher Festival gewisen.

De Warm-Up vum Dag gouf et vum "Dr.gonZo", Balkan & Klezmer Vibes goufe vermëttelt vun "Zaltimband" an "The Horse Blinders" hunn een op eng virtuell Rees matgeholl, an donieft nach d’Lëtzebuerger Dammen-Ekipp zum Futtball-Europameeschter.
 
Ier dann déi grouss Finall koum, huet de Serge Tonnar mat sengem "Serge Tonnar Trio" de Public mat Riffs an Akkorde verwinnt. Bëssi méi spéit da wéi geplangt, hunn d’Meedercher a Jonge vu "Schëppe Siwen" zur Party agelueden a kee Fouss ass méi um Buedem bliwwen. Mat "Stärenhimmel" hu si hire Programm kuerz méi roueg ugestëmmt, fir dem "Pascal vu Wooltz“ eng Éier ze erweisen, dee viru Kuerzem ob tragesch Manéier onerwaart aus dem Liewe gerappt gouf. De Pascal war a bleift an der Lëtzebuerger Musekszeen eng Ikon, an zesumme mam Public konnt een dat Tribut éierbar manifestéieren.
 
Den Ofschloss hu "Schëppe Siwen" mat de klenge Kënnercher vun de "Sauerquakerten" gemaach, déi fir "Danzen" mat ob d’Bün koumen - natierlech fir ze danzen!

Trotz verschidden Hürden, déi se déi lescht Méint hu missen iwwerwannen, kucken d’Organisateuren op e gelongene Weekend zréck, a wéi heescht et sou schéin: Nom e-Lake ass virum e-Lake! Den zweete Weekend am August nächst Joer ass et erëm sou wäit!

Kuckt hei d'Fotoe vum Freideg a Samschdeg: