Lëtzebuerger Produktioune rëm um weltwäit gréisste Festival fir duerstellend Konscht
Den Edinburgh Fringe Festival gëllt als weltwäit gréisste Festival fir déi duerstellend Konscht.
Zanter dem 1. an nach bis de 25. August ass Edinburgh nees am Festivalféiwer. All Joers am August verwandelt sech déi schottesch Haaptstad an de pulséierenden Epizentrum vun der Live-Performance.
Den Edinburgh Fringe Festival ass dee weltwäit gréisste Festival fir déi duerstellend Konscht. Bekannt fir seng Villfalt a virop fir seng Oppenheet géigeniwwer innovativen an experimentelle Projeten, bitt de Fringe Festival Kënschtler aus aller Welt eng eenzegaarteg an immens wichteg Plattform fir hir Showen ze presentéieren.
Vun Theater a Comedy iwwer Danz, Zirkus an Oper, et ass alles dobäi a jiddweree kritt eng Bün gebueden an dat net just an deene villen Theateren a Concertshale vun der Stad, ma op all Stroosseneck, a Baren, a Kierchen an an an...
Ganzer 54.474 Opféierunge vun insgesamt 3.853 Spektakele stinn um Programm vun dëser 78. Editioun.
Och Lëtzebuerg ass dëst Joer nees um Fringe Festival vertrueden an dat mat 4 Danzproduktiounen, déi vu Kultur | lx – Arts Council Luxembourg begleet ginn. “GO!” vum Jennifer Gohier, “In the bushes” vum Léa Tirabasso, “score” vum Isaiah Wilson an “INLET” vum Saeed Hani.
"GO!"
GO! ass eng Mëschung aus zäitgenësseschem Danz, Kampfsport an digitaler Konscht. Eng verspillte Choreographie fir zwee Dänzer, déi Humor, Prezisioun a Beweegungskonscht matenee verbënnt.
"In the bushes"
Dëst Stéck fir 6 Dänzer*innen erfuerscht Iddie ronderëm d’Evolutiounstheorie, déi “zoufälleg Spezies” Mënsch an déi absurd Virstellung vu mënschlecher Eenzegaartegkeet. Mat enger rauer, grotesker choreografescher Sprooch hannerfreet d’Léa Tirabasso Stigmaen, Schimmt a gesellschaftlech Konventiounen.
"score"
„score“ ass ee Stéck vum Isaiah Wilson iwwer den Agrëff vum Mënsch an d’Natur a wéi Technologien an den natierleche Liewenslaf agräifen. Hie benotzt fir dës Choreographie fir dräi Performer EMS (elektresch Muskelstimulatioun), fir elektresch Impulser un d’Muskele vun de Performer ze schécken. Dës Impulser steiert hien iwwer ee MIDI-Piano mat zwielef Nouten. All Nout entsprécht engem Muskel.
Sou kreéiert den Isaiah Wilson een Danz, deen duerch Computercodë choreograféiert gëtt. D’Kierpere vun den Dänzer gi quasi iwwerstimuléiert a beweege sech ganz ouni dass d’Dänzer de Kapp ustrenge mussen.
“score” werft ethesch Froen zum Asaz vun Technologien op, déi entwéckelt goufe fir eis d’Liewen ze vereinfachen, ma déi de Mënsch u sech awer vu sengem fräie Wëllen a vu senge kognitive Fäegkeeten trennen.
"INLET"
Inspiréiert vun der Legend ëm de Romulus an de Remus, erfuerscht de Saeed Hani an "INLET" d’Bedeitung vu physeschen a symbolesche Maueren an der Mënschheetsgeschicht an hir Relevanz an eiser haiteger Welt. De Choreograf Saeed Hani ass bis an den Alter vu 26 Joer am Noen Osten opgewuess, wou hien net just mat physeschen, ma och mat ville moraleschen an intellektuelle Grenze konfrontéiert gouf. A senger Choreographie geet hien dëser zentraler Fro no: “Wéi laang wäerten an der Welt nach Maueren a Grenze verherrlecht ginn, obwuel se de Fortschrëtt vum Mënsch behënneren an em d’Recht op ee fräit Liewe virenthalen?”
Den Edinburgh Festival Fringe leeft vum 1. bis de 25. August a gespillt gëtt sou gutt wéi all Dag
Nieft deene véier Danzproduktiounen, déi Deel vum Haaptprogramm vum Fringe Festival sinn, stinn och um Fachprogramm vum Fringe 2025 zwee Lëtzebuerger Projeten:
D’Choreografin Anne-Mareike Hess presentiert den 18. an 19. August am Kader vun de Fringe Fragments een Extrait aus hirem Solo “WARRIOR”.
D’Auteurin a Regisseurin Larisa Faber gëtt den 19. August bei de Summerhall Arts Surgeries en Abléck an hiert Wierk “The Land We Shared”.
Dee ganze Programm vum Edinburgh Festival Fringe fënnt een hei.