D'Mauere vum Hariko zu Ettelbréck ginn den Ament nei gesprayt – dat vun enger jonker Kënschtlerin, déi selwer Deel vum Projet ass.

D'Kënschtlerin Rafaela Bermond ass zanter 2023 beim Hariko Projet dobäi. Si, sou wéi weider Kënschtler och, hunn en eegenen Atelier zu Ettelbréck. Et ass e Projet, dee sëlleg Workshops, wéi zum Beispill Danz- oder Graffiti-Workshops, ubitt. Do hu Jonker vun 12 bis 26 Joer d'Méiglechkeet op Kënschtler ze treffen an Iddie mat hinnen auszetauschen.

Den Ament ass e Mauermolerei-Projet amgaangen. D'Rafaela Bermond wëll an deem Kader mat hire Konschtwierker als Visuellen-Artist, Illustrator an Art Educator d’Theme vun der Jugend, Kreativitéit, Gesellschaft a Kultur ervirhiewen.

Wärend den éischten zwee Deeg vum Projet gouf d’Base vun der Faarf op d’Mauer ugeluecht. Duerno sinn detailléiert Zeechnunge vu Personnagen an Elementer, déi eng bestëmmte Facette vum kënschtlereschen a soziale Liewen am Zenter duerstellen, un der Rei.

Wärend där ganzer Aarbecht steet eng Stee virun der Mauer, ma nom 29. August ass d’Konschtwierk ouni Gerüst ze gesinn.

Wat ass Hariko?   

Eng Plaz, wou Museker a Kënschtler – wéi Rafaela Bermond – a Jonker vun 12 bis 26 Joer sech versammelen an iwwer hier Wierker ënnerhale kënnen. D’Memberen erfreeë sech zanter dem Ufank vum Projet u gratis Ateliere, wou si hire Konscht-Inspiratioune fräie Laf kënne ginn.