Carolin Wehrmann huet fir hir Solo-Ausstellung lauter nei Biller produzéiert
Am der Galerie Schortgen stellt d'Kënschtlerin hir Wierker aus.
Als eng vun de gréisste Molerinne fir Miereslandschafte weist d‘Carolin Wehrmann natierlech och an hirer neier Ausstellung an der Galerie Schortgen verschidden Uelegmolereie ronderëm d‘Thema Waasser.
Am Alter vun 12 Joer huet d’Carolin Wehrmann ugefaangen, sech fir Uelegmolerei ze interesséieren. Virun allem d’Aart a Weis, wéi déi al Meeschtere Luucht an Emotiounen op enger zweedimensionaler Fläch duerstellen, huet si faszinéiert an dozou motivéiert, selwer kënschtleresch aktiv ze ginn. De Wee zu professioneller Kënschtlerin war net onbedéngt einfach, mä mat engem Ëmwee an d’Welt vum Grafikdesign, huet d’Kënschtlerin et awer viru ronn 30 Joer gepackt.
Zil vun hirer Aarbecht ass et mat enger spezieller Lasurtechnik, fir déi Naturharz benotzt gëtt, fotorealistesch Wierker ze kreéieren. D’Carolin Wehrmann moolt awer net einfach Fotoen of, wéi een eventuell menge kéint. Si ass an hirem Liewe scho vill gereest an huet e fotografescht Gediechtnes. Esou ka si sech ganz einfach Miereslandschafte virstellen an aus dem Kapp eraus molen. Hir Wierker sinn also realistesch Duerstellunge vun ausgeduechte Wasserzeenen.
Fir ze mole benotzt d’Kënschtlerin extra Pigmenter aus Holland, déi nach genau d’nämmlecht, wéi zu Zäite vum Rembrandt sinn. Hiren Interessi um Waasser staamt dogéint aus enger ganz perséinlecher Verbonnenheet zum Mier.
Fir hir Expo an der Galerie Schortgen, mat där d’Kënschtlerin scho laang zesummeschafft, huet si am leschten hallwe Joer lauter nei Biller produzéiert. Eent dovun dréit den Titel Reflect, also op Lëtzebuergesch reflektéier, a spigelt der Kënschtlerin hiren Asaz am Ëmwelt- an Déiereschutz erëm. Anescht, wéi normalerweis, schwëmmt op dësem Bild Plastikdreck am Waasser. 25% vum Erléis vun dësem Wierk spent d’Kënschtlerin, zesumme mat der Galerie un d’Organisatioun The Ocean Cleanup.
D’Expo Pristine Waters vum Carolin Wehrmann ass nach bis den 18. Oktober an der Galerie Schortgen ze gesinn.