Rezent war am Studio vum Groussen Theater d'Première vum Danzspektakel Sensorial Symphonies.

D’Choreografin Elisabeth Schilling bréngt mat dësem Stéck modernen Danz a klassesch Musek an enger Choreografie zesummen, déi de Publik dozou ureege soll, d’Natur anescht wouer ze huelen an eis gesellschaftlech Perceptioun vu Planzen ze hannerfroen.

D‘Elisabeth Schilling interesséiert sech scho laang perséinlech fir Planzen a wollt dës dofir och an hir neiste Produktioun am Groussen Theater integréieren. Planzen, esou d’Choreografin, wiere staark vun hirem natierlechen Ëmfeld ofhängeg, eng Eegenschaft, déi d’Mënschen an eiser individualistescher Gesellschaft mat der Zäit verluer hunn. Dëst Zesummespill huet de Grondstee fir Sensorial Symphonies geluecht.

„Dieser relationale Aspekt, dieses Miteinandersein, dieses Interkonnektiertsein, mit andern verbunden sein und auch diese Veränderung durch andere zuzulassen ist eigentlich das, was mich an dem Stück und auch an der Choreographie am meisten inspiriert hat.“ 

Fir d'Choreographie war et dem Elisabeth Schilling och wichteg, net einfach d’Beweegunge vu Planzen ze imitéieren, mee méi déif ze goen an d’Aart a Weis, wéi verschidde Planze sech ufillen oder richen op den Danz ze iwwerdroen. Esou soll ee Planzen op eng ganz nei Aart a Weis kenneléieren.

„Ich wollte unbedingt tiefer gehen, um dem natürlichen Sein der Pflanzen so nahe wie möglich zu kommen, gerade weil unsere Gesellschaft Pflanzen idealisiert oder sakralisiert hat und ich wollte daraus ein bisschen weg gehen.“

Natierlech spillt och d’Musek eng wichteg Roll. Engersäits kritt ee wärend dem Stéck richteg Planzegeräicher ze héieren an anerersäits huet de Komponist Pascal Schumacher dem Rachmaninov säi Piano Concerto No. 2 ëmgeschriwwen, fir den Danz ze komplementéieren. D’Planzegeräicher, déi de Mënsch normalerweis net einfach esou héiere kann, goufen heifir mat extrae Mikroen a mat der Ënnerstëtzung vun Tounkënschtler a Wëssenschaftler opgeholl.

“Da habe ich dann mit Pascal gearbeitet, der das Rachmaninov Concerto auseinandergerissen und neu kreiert hat, um auch Platz für die Pflanzen zu lassen und als Brücke zwischen diesen beiden Kulturen, diesen zwei Extremen, hat Pascal eine Marimba Solo-Komposition kreiert.”

Sensorial Symphonies kann een nach den 28. & 30. September, oder den 2. Oktober an de Groussen Theater kucke goen.