Sechs Kategorien an zwee Spezialpräisser. Am Mierscher Theater goufen déi verschidde Beruffer vun hannert a vu virum Riddo geéiert.

Am Mierscher Theater sinn en Donneschdeg Owend d’Lëtzebuerger Bünepräisser iwwerreecht ginn. An aacht verschiddene Kategorië sinn déi verschidde Beruffer aus dem spectacle vivant geéiert ginn. Dorënner waren och zwee national Präisser fir Danz an Theater, déi d’Gesamtwierk vun enger Persoun éieren.
 
Theaterproduktiounen, Kanner- a Jugendtheater, sou wéi Danzspektakele stounge fir d’Iwwerreechung vun de Bünepräisser am Fokus. A sechs Kategorië sinn di verschidde Beruffer hannert, oder op der Bün geéiert ginn. D’Präisser waren op 3.500 bis 10.000€ dotéiert.
 
Ma virun allem op zwee Präisser war de Public ganz gespaant. Den Nationalen Danzpräis an de Nationale Bünepräis éiere jeeweils eng Persoun fir hiert berufflecht Engagement an hiert Liewenswierk. Am Danz-Secteur ass dëse grousse Präis un d’Christiane Eiffes gaangen. Si huet d'Danz-Zeen zu Lëtzebuerg gepräägt, sief et als Dänzerin, Choreographin oder mat hirem berufflechen Engagement als Danzproff am Lëtzebuerger Conservatoire.
 
De Nationale Bünepräis ass un de Frank Hoffmann gaangen. Schonn zanter den 1980er Joren ass hien als Regisseur an der Lëtzebuerger Theater-Zeen aktiv. Ma donieft war hien och an Däitschland an an der Schwäiz fräiberuffleche Regisseur. 1997 huet hien dunn den TNL, den Theatre National du Luxembourg, gegrënnt. 
 
Wie méi wëll iwwer d'Bünepräisser gewuer ginn, kann dat e Samschden Owend maachen um 19 Auer am Passepartout, oder op RTL Play.