Op en aussergewéinleche Picknick invitéiert de CulturVerein LongaSura den 30. August vun 12 bis 14 Auer op der "Laser" Sauerbréck.

De Konzept kënnt eigentlech aus Frankräich an heescht "Dîner blanc": Zënter iwwer 20 Joer gëtt zu Paräis Ufank Juni ee Picknick op enger Plaz an der Haaptstad organiséiert, di bis zum leschte Moment geheim gehale gëtt. Dausende vu Leit, ganz a Wäiss gekleed, treffe sech do a verwandele zum Beispill d'Champs Elysées an eng riseg Picknicksplaz. Iessen an Drénken muss jiddereen selwer matbréngen, genausou wei säin Dësch, seng Nappe a seng Still.

Sou en Evenement, ënnert dem Numm "Pont blanc - grenzenlos weiß", gëtt lo och bei Lëtzebuerg organiséiert, op der Laser Sauerbréck tëscht Laser (also Langsur an Däitschland) a Wasserbëlleg (bei der Autobunnsopffahrt).

Wien dësen ongewéinleche Picknick wëll materliewen, muss nëmmen den 30. August wäiss gekleed dohi fueren a säi Picknick an Dësch a Still matbréngen.