„The Voice of Germany“: Thorunn net an der Halleffinale

© Facebook/Egilsdottir Thorunn
Mat 75,9 % Prozent Stëmmen ass et fir d'Thorunn de Freideg an der Live-Show vun „The Voice of Germany“ trotz enger gudder Performance net duer gaangen.
Bis an d'Live-Shows hat d'Sängerin et gepackt an um Wee fir dohinner, bis zulescht mat hirer aussergewéinlecher Stëmm iwwerzeegt. Um Enn hu leider trotz den 30 % Prozent vum Coach-Nena nach ëmmer knapp 20 % gefeelt, fir hir Konkurrentin Emily Intsiful, déi ganzer 50 % vum Nena krut, ze schloen an esou an d'Halleffinale ze kommen.

D'Thorunn hat sech den Titel "The Scientist" vu Coldplay erausgesicht. / © www.the-voice-of-germany.de
Nieft dem Emily streiden elo nach d'Judith van Hel, d'Tiana Kruskic, den Andreas Kümmert, d'Debbie Schippers, d'Caro Trischler, de Chris Schummert an de Peer Richter ëm den Titel vun "The Voice 2013".
Wann Dir d'Thorunn trotzdem mat op der grousser Däitschland-Tour vum 27. Dezember bis den 9. Januar wëllt gesinn, kënnt Dir via de Site vun "The Voice of Germany" fir d'Thorunn voten an hir esou d'Chance op eng "Wildcard" ginn.