Vu 16. Mee un ass am Carrérotondes eng Ausstellung vum Kënschtlerkollektiv PNSL ze gesinn. "Angste Povera" ass den Numm vun der Expo.

De Kënschtlerkollektiv PNSL ass duerch een Chatgrupp op Facebook entstanen. Eng Partie Leit aus dem Konschtmilieu hu sech hei doriwwer ënnerhalen, wat si beweegt a wéi een d'Konscht zu Lëtzebuerg nei opmësche kéint. Aus dëser virtueller Diskussioun ass e konkrete Projet ginn – nämlech d’ Expo "Angste Povera", déi elo am Carrérotondes ze gesinn ass. Am éischten Deel vun der Ausstellung kënnt een an een däischtere Raum, dee wéi eng schlecht beliichten Déif-Garage ausgesäit. D'Atmosphär ass bedreelech, an domat wiere mir och scho beim Sujet vun der Expo: et geet ëm d'Thema vun der Angscht, an ënnert wat fir ënnerschiddleche Forme si an eiser Gesellschaft unhëlt. Heizou weider de Lëtzebuerger Kënschtler Charel Wennig: "Et geet net ëm Angscht, et geet net ëm Honger, et geet net ëm Kriibs. Et geet ëm eng Aart Luxusängscht, ëm kleng net reell Ängscht, näischt Liewensbedreeleches. Dat ass och gewosst, domat kann ee spillen. D'Medien an d'Reklamme spillen domat, si vermëttelen engem Angschtgefiller an och gläichzäiteg d'Léisung, d.h. kaf mäi Projet, da bass de sécher."

RTL

© PNSL

Um ieweschte Stack vun der Expo huet de Kënschtlerkollektiv PNSL e grousse Fliger aus Holz nogebaut, deen eng Brochlandung gemaach huet. Heizou de Lëtzebuerger Konschthistoriker a Fotograf Christian Mosar:

"Et gëtt eng zentral Aarbecht an der Ausstellung, déi d'Thema vun der Ausstellung erëmspigelt, dat ass e Fligerwrack, eng Rekonstruktioun bal 1 zu 1 vum Luxair-Fligeraccident. Dat ass och fir Lëtzebuerg representativ, well si weist dat eppes ganz oft hei zu Lëtzebuerg, mir hunn awer nach ëmmer d'Gefill mir wiere nach iergendwéi geschützt. Lëtzebuerg ass keng Insel méi."

RTL

© PNSL

An der Expo gëtt och e neien Dokumentarfilm vun der Curatrice a Journalistin Karolina Markiewicz a vum Kënschtler Pascal Piron gewisen. An deem Film verziele 5 auslännesch Schüler, bal alleguer Asylbewerber, hir beweegte Liewensgeschicht. Ee vun hinne stécht ganz besonnesch ervir, et ass e jonken Afghan, dee vu sengem Heemechtsland bis an Europa geschmuggelt, an dunn iergendwann zu Lëtzebuerg op der Gare ausgesat gouf. Heizou d’Karolina Markiewicz.

"Hien erzielt dat op eng ganz einfach Aart a Weis, mir hu probéiert een Equiliber ze fannen, net an dat dramatescht ze falen. Hien erzielt dat op eng ganz einfach Aart a Weis an ouni Pathos, de Film wëll sech an deem Kontext weisen. Mir versiche net ze vill an dat Negatiivt anzegoen, an awer ze weisen, dat sinn ganz gutt Schüler, empathesch Leit. Dat sinn einfach Portraite vun anere Lëtzebuerger."

RTL

© PNSL

Wie sech also Konscht ukucke goe wëll, déi net nëmme schéin ass, mä déi een och e bësse waakreg rëselt, kann dat nach bis den 29. Juni am Carrérotondes zu Hollerech maachen.

Weider Informatiounen iwwert d’Ausstellung "Angste Povera" fannt Dir um Site www.rotondes.lu.

Expo Angste Povera