Wéinst der Angscht virun Attentater ass d'Zuel vun den Iwwernuechtungen zu Paräis am Laf vun den éischte 6 Méint vum Joer an der Moyenne ëm 10% zréckgaang.

Dat sot de Staatssekretär am Tourismusministère e Sonndeg an engem Interview mam Journal du Dimanche. Besonnesch Clienten aus den USA, Asien an aus der Golfregioun hätten hefteg op d'Attentater reagéiert.

Ënnert dem Trend géifen an der Haaptsaach d'Luxushoteller an der franséischer Haaptstad leiden. Fir de Juli gouf ee Réckgang vun 10% notéiert géintiwwer dem selwechte Mount zejoert. Trotz allem huet Frankräich zejoert mat ronn 85 Milliounen Touristen de Rekord gebrach gehat an dat trotz Attentater.