Véier Joer Resistenz géint RusslandHonnerte Leit bei Maniff an der Stad géint Krich an der Ukrain

Jeannot Ries
Véier Joer nom Ufank vum russeschen Ugrëff op d'Ukrain hunn e Samschdeg e puer Honnert Leit op Initiativ vun der Asbl LUkraine op der Clairefontaine Plaz Solidaritéit gewisen an un d'Affer vum Krich geduecht.

En Dënschdeg ginn et genee véier Joer, datt Russland d’Ukrain iwwerfall huet. Eng sougenannte “Spezial-Operatioun”, déi aus der Siicht vum Kreml u sech nëmmen e puer Wochen dauere sollt.

Ma d’Russen hunn d’Resistenz vum ukrainesche Vollek ënnerschat. En extrem bluddege Krich mat engem direkten Impakt, och op Europa – Sécherheetsstrategië goufen iwwerduecht, d’NATO stellt sech nei op.

E Solidaritéitsmarsch, op Initiativ vun der Asbl LUkraine, huet e Samschdeg hei zu Lëtzebuerg e puer Honnert Leit ugezunn. Nieft engem iwwerdimensionalen ukrainesche Fändel sinn der och aus Länner wéi Litauen, Lettland, Finnland oder Polen opgefall – direkt Nopeschstaate vu Russland.

Op der Clairefontaine Plaz gouf den Affer vum Krich geduecht. Et war e Rendez-vous, mat enger Rei Emotionalen Amenter. Nieft Kanner, déi e Lidd iwwer hier Heemecht gesongen hunn, huet en Ukrainer d’Lëtzebuerger Heemecht gesongen.

Ervirgestrach goufen och déi onmënschlech Bedéngungen, an deene vill Ukrainer den Ament kucken, fir iwwert de Wanter ze kommen. Bei Äisegen Temperature gräift Russland gezielt d’Energie-Infrastruktur vum Land un.

1.459 Deeg, sou laang hält dat ukrainescht Vollek elo schonn duer, sou den Nicolas Zharov, President vun der Asbl LUkraine. Fir vill Leit bedeit dat en Alldag mam Toun vun de Sireenen an de Geräischer vun de Bommen.

“Wéi Russland agefall ass, stoungen net nëmmen ukrainesch Stied am Viséier. Ma och eng Weltuerdnung, déi op einfachen, awer wichtege Reegelen opgebaut ass: datt Grenzen net mat Gewalt g’ännert ginn, datt Ziviliste keng Zilscheiwe sinn, datt d’Wourecht gëllt, datt souverän Natiounen net eruewert kënne ginn, well ee méi staarken Noper dat decidéiert”, sou den Nicolas Zharov.

A grad dofir géif sech d’Resistenz vun der Ukrain net op den Territoire vum enge Staat limitéieren. Wat zanter elo véier Joer an der Ukrain geschitt, misst als globaalt Signal opgeholl ginn – Gewalt dierft net gewannen. D’Ukrain wier e Land, dat och am Kader vu Friddensgespréicher net ze verkafe wier.

D’Lëtzebuerger Verdeedegungsministesch Yuriko Backes huet iwwedeems mam Fanger op dee gewisen, dee fir all d’Leed responsabel ass: ''De Putin hätt dëse Krich scho laang kënne stoppen. Hie hätt e virun zwee Joer, virun engem Joer kënne stoppen. Hie kéint en haut stoppen. Mee hie stoppt dee Krich net. Ganz am Géigendeel, hie bombardéiert weider onschëlleg Zivilisten. Hie bombardéiert weider zivil Infrastrukturen.”

Lëtzebuerg géif vum éischten Dag un op der richteger Säit vun der Geschicht stoen an d’Ukrain ënnerstëtzen, sou d’Ministesch. Et dierft och net vergiess ginn, datt Europa net sécher wäert sinn, soulaang d’Ukrain kee fräit Land ass, deem seng Souveränitéit respektéiert gëtt.

An enger weiderer emotionaler Ried huet Barbara Karpetova, Ambassadrice vun der Tschechescher Republik, dësen Appell lancéiert: “All Schrëtt, dee mir haut maachen, ass wichteg. All Fändel, all Käerz, all Stëmm zielt. Well d’Hoffnung méi staark ass, wann se gedeelt gëtt.”

D’Ambassadrice huet un de Motto vu Lëtzebuerg erënnert a gesot, och d’Ukrain wéilt sou bleiwen, wéi se ass. D’Emotioun an hirer Stëmm war dobäi däitlech ze spieren.

Back to Top
CIM LOGO