
Den 20. Februar 2021 huet Lëtzebuerg eng reegelrecht Legend aus der Museks- an Entertainment-Welt verluer. Grad elo an dëser Zäit, war an ass natierlech de Fausti fir vill Lëtzebuerger de musikalesche Begleeder iwwerhaapt wärend der Fueszäit. Fënnef Joer ass et also elo hier, zënter deem de Fausti gestuerwen ass, ma mat sengem musikalesche Wierk, dat hien hannerlooss huet, wäert hien zu Lëtzebuerg wuel soubal net vergiess ginn.
De Fausti Cima “just” als de populäersten Entertainer vu Lëtzebuerg ofzestempelen, géif him definitiv net gerecht ginn. Hie war en extrem verséierte Museker a seng musikalesch Bandbreet goung vum Jazz iwwert den Tango an de Swing bis zum Schlager.
68 Joer stoung hien op der Bün, am Café, am Cabaret, op den US-Basen, an den Danzsäll a Béierzelter... an heiansdo souguer am Palais.
De 24. Juli 1940 gouf de Faustino, sou säi ganzen Numm an der Stad am Gronn als ee vu 7 Geschwëster gebuer. Säi musikalescht Talent gouf fréi entdeckt a goung a jonkem Alter an de Conservatoire, huet Quëtschkommoud a Gei geléiert a scho mat 12 Joer als Akkordeonist op engem Kiermesbal nom anere gespillt.
An den Orchestere vum Johnny Nimax a Jempi Faust huet hie Gittar a Kontrabass gespillt a sech an der Garer Cabarets-Zeen zum Star-Batteur vu Lëtzebuerg entwéckelt. De Fausti huet am RTL-Orchester gespillt beim Jean Roderes an huet tëscht 1970 a 74 mam saarlännesche Musekmanager Rudolf Strassner eng etlech däitsch Placken opgeholl. Parodien op populär englesch Tuben, wéi „Ich sitz’ hier im Schlauchboot” oder „Das arme Mädchen von Seite 1".
Bei RTL war hien ëmmer nees gär gesinn an huet sech gefreet, wa mir hien an eng vun eise ville Sendunge geruff hunn. Sou war hien natierlech a villen Interviewen ze héieren, bei den RTL-Déckkäpp huet hie matgemëscht a mir haten déi grouss Chance, de Fausti och an eiser Emissioun ''Afterwork’’ begréissen ze kënnen.
Hei d’Emissioun vum Dag no der Annonce, dass de Fausti am Alter vun 80 Joer gestuerwen ass: