PolicebulletinPresuméierten Drogendealer zu Schieren gepëtzt, Mandat d'arrêt an der Stad ausgeféiert

RTL Lëtzebuerg
Fir d'Nuechten op e Freideg an e Samschdeg mellt d'Police jeeweils eng Festnam.
Beamte vun der Police leeën enger Persoun Handschellen un
© Laurent Weber

An der Nuecht op e Freideg war der Police op engem Parking zu Schieren en Auto mat véier Persounen opgefall, déi bannen d’Luuchten ausgemaach hunn, wéi si d’Beamten erbléckst hunn. D’Polizisten hunn déi Verdächteg du kontrolléiert, woubäi ee vun hinnen uginn huet, eng kleng Quantitéit Haschisch dobäi ze hunn. Am Kader vun der Kontroll ass och eng Posch fonnt ginn, wou eng Rei Drogen an och Boergeld dra waren. De Proprietär vun der Posch, eng vun de véier kontrolléierte Persounen, gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter.

Eng weider Festnam dann am fréie Samschdegmoie géint 2.45 Auer: Der Police gouf eng Persoun an der Avenue de la Liberté gemellt, déi e Messer soll an der Hand gehalen hunn. Eng Beamte-Patrull huet d’Persoun kontrolléiert an dobäi festgestallt, datt géint dës e Mandat d’arrêt virlouch. D’Persoun koum an de Centre penitentiaire zu Suessem.

Back to Top
CIM LOGO