Bekannt aus ë.a. "Grey's Anatomy"US-Schauspiller Eric Dane am Alter vun 53 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Dat huet d’Famill vum Acteur an de soziale Medie matgedeelt. Hie wier am enkste Familljekrees gestuerwen.
Réischt viru gutt engem Joer huet den Eric Dane seng ALS-Erkrankung ëffentlech gemaach.
© VALERIE MACON/AFP

Am Abrëll hat den Eric Dane ëffentlech gemaach, datt hien un ALS erkrankt war. Weider heescht et vu senger Famill, datt hie sech fir d’Fuerschung fir d’Bekämpfung vun der Krankheet agesat huet.

An der erfollegräicher Spidolsserie “Grey’s Anatomy” huet den Dane d’Roll vum plastesche Chirurg Dr. Mark Sloan verkierpert, dat an insgesamt 136 Episoden. Och an der HBO-Serie “Euphoria” huet hie matgespillt. Den Eric Dane hannerléisst seng Fra an zwou Duechteren.

Bei ALS (Amyotroph Lateralskleros) handelt et sech ëm eng neurologesch Krankheet, bei där d’Nervenzellen, déi fir d’Steierung vun der Muskulatur zoustänneg sinn, no an no ofstierwen. Dëst ka schlussendlech dozou féieren, datt ee sech net méi richteg beweege kann. Vill Aspekter vun ALS gëlle weiderhin als relativ onerfuerscht.

Back to Top
CIM LOGO