
D’Lëtzebuerger Veterinärs- a Liewensmëttelverwaltung huet eng Alerte orange erausginn, dat wéinst méiglecher Erstéckungsgefor beim Produit “Hello Kitty confiserie en gelée goût pomme Koniac” vun der Mark Sanrio Co. Wéi d’Verwaltung schreift, géife verschidde Liewensmëttel Zousazstoffer enthalen, déi d’Séissegkeet méi fest kéinte maachen an doduerch Erstéckungsgefor kéinte verursaachen, besonnesch bei Kanner.
D’Gefor vum Erstécke léich virun allem un der “Gréisst, der Form an der fester Konsistenz”. Betraff ass de Lot 26.06.11B.
Bei Zeeche vun Erstécke soll direkt gehandelt an déi passend Éischt-Hëllef-Gesten ugewannt ginn, déi een ënner anerem op Santé.lu fënnt.