Vu Katastroph(en) an Happy End(s)De Schrëftsteller Roland Meyer am Interview

Bea Kneip
Mat "Um Horizont" a "Betty" bréngt de Roland Meyer direkt zwee nei Bicher mat an de Studio.
© Foto Roland Meyer: RTL/Bea Kneip

Mat iwwer 400 Säiten ass "Um Horizont" dat déckste Buch, dat de Roland Meyer bis elo geschriwwen huet. Am Interview verréit hien, firwat et nach vill méi déck hätt kéinte ginn! Wann an dësem Roman d'Grenzen tëscht Wouerecht a Fantasie verschwammen, dann huet een am Kannerbuch "Betty - Die Geschichte eines jüdischen Mädchens" déi traureg Gewëssheet: Esou wéi d'Betty Hirschbein hir Geschicht Joerzéngte méi spéit erzielt, sou ass et tatsächlech geschitt. Kann et no der Katastroph nach en Happy End ginn? Fir d'Betty war dat de Fall, bei de Personnagen aus dem Roman "Um Horizont" ass dat net esou sécher.

Och fir de Verlag Op der Lay, bei dem de Roland Meyer seng Bicher zënter Jore verëffentlecht, gëtt et leider keen Happy End. Op den 31.Juli mécht hire Webshop zou, no iwwer 30 Joer an der Lëtzebuerger Verlagslandschaft. Och als Museker a Kabarettist huet de Roland Meyer vill Pläng a Wënsch fir d'Zukunft. Geschwënn eng Kéier e Concert zu Esch ze spillen, steet ganz uewen op der Wonschlëscht! Ka säi Wonsch an Erfëllung goen? A wäert e säi Kannerbuchprojet ronderëm dee klengen Här Bellibimbam mat engem neie Verlag verwierkleche kënnen? Op déi Froe gëtt et (nach) keng Äntwert.

Am Interview schwätzt de Roland Meyer iwwer seng zwee nei Bicher: "Um Horizont" a Betty"

"Um Horizont" ass am Verlag Op der Lay erauskomm, "Betty, die Geschichte eines jüdischen Mädchens" ass bei den Éditions Guy Binsfeld erauskomm.

© RTL

Back to Top
CIM LOGO