Wärend hei de LuxFilmFest gefeiert gëtt, preparéiert sech Hollywood op dee prestigiéisten a glamouréiste Filmpräis vun der Welt. De 15. Mäerz ass zu Los Angeles am Dolby Theatre déi grouss Oscar-Iwwerreechung. 50 Filmer sinn a 24 Kategorien nominéiert, déi déi grouss Panoplie u Beruffer a Beräicher aus dem Filmsecteur éieren. Dës Kéier kucke mer mat Iech op d’Geschicht vum grousse Filmpräis zeréck – och am Bezuch op Lëtzebuerg.
Déi nächst Woch gi mer dann ënnert anerem gewuer, wéi eng Lëtzebuerger Produktioun et dëst Joer op d’Nominatiounslëscht gepackt huet.