Wann Hollywood op Esch kënntD'Musek vum Hans Zimmer huet de Public op Rees duerch d'Filmgeschicht geholl

RTL Lëtzebuerg
Den Tour-Stopp vu "The World of Hans Zimmer – The Immersive Symphony" an der Escher Rockhal huet d’Minettsmetropol fir ee Weekend an en Zentrum vun der Filmmusek verwandelt.

Am Kader vun der internationaler Tournée goufen d’Wierker vum zweefachen Oscar-Gewënner Hans Zimmer um Belval presentéiert. Nieft den Owesvirstellunge gouf och eng zousätzlech Matinée ugebueden, fir dëst aussergewéinlecht Erliefnes engem breede Publikum zougänglech ze maachen.

Mat villen Emotiounen an enger perfekter Inzenéierung gouf de Public op eng magesch Rees geholl. Atmosphäresch Filmzeenen op grousse Leinwänn hunn d’Musek visuell ënnerstëtzt an d’Zuschauer direkt an d’Welt vun de Blockbuster versat. Besonnesch déi aussergewéinlech Solisten an enger wonnerbarer Stëmm hunn de Kompositioune vum Hans Zimmer eng ganz perséinlech an intensiv Notte ginn.

Am Mëttelpunkt stounge Meeschterwierker aus Blockbustere wéi Dune an Interstellar, souwéi zäitlos Klassiker wéi The Lion King a Gladiator. Als Merci huet de Public d’Show mat Standing Ovations gefeiert.

Back to Top
CIM LOGO