Podpurri - Mir schwätze KulturD'Erzielerin Betsy Dentzer

RTL Lëtzebuerg
PodPurri - mir schwätze Kultur heescht eng Emissioun, bei där mir eis all Woch vum Invité op déi Plaz invitéiere loossen, wou hien eis ëmfänke wëll.

Geschichten, Legenden, Mythen a Märercher, dat ass d’Welt vum Betsy Dentzer. D’Faszinatioun vum Geschichtenerzielen huet se zu Berlin entdeckt a mat op Lëtzebuerg bruecht. Op de Bünen huet se sech laang en Numm bei deem ganz jonke Publikum gemaach. Haut hëlt d’Betsy Dentzer och déi Erwuesse mat op Erzielreesen.

Well d’Bünen den Ament zou sinn, huet d’Betsy Dentzer d’Christiane Kremer fir den Interview bei sech heem invitéiert, natierlech am Respekt vun den Sécherheetsmesüren. Rieds geet iwwer déi schwéier Zäit vum Coronavirus, dee si selwer erwëscht hat, iwwer d’Situatioun als fräischaffend Kënschtlerin, iwwer d’Freed um Spill, d’CD “Ënnerwee” mat véier Geschichten a Wimmelbiller.

D’Erzielerin Betsy Dentzer begeeschtert mat hire Geschichte Kleng a Grouss. Well et den Ament méi schwéier op der Bün ass, gëtt et den CD “Ënnerwee”.

CD Ënnerwee - mat de Rotonden

Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d’Woch um Radio, op rtl.lu an als Podcast op Spotify an iTunes.

Podpurri - Mir schwätze Kultur

Podpurri - Episod 12 Julie ConradPodpurri - Episod 11: Théid JohannsPodpurri - Episod 10: Marly MarquesPodpurri - Episod 9: Francis KirpsPodpurri - Episod 8: Pascal SchumacherPodpurri - Episod 7: Susanne JaspersPodpurri - Episod 6: René PenningPodpurri - Episod 5 “Nickel Bösenberg”Podpurri - Episod 4 “Anne Mélan”Podpurri - Episod 3 “Gintare Parulyte”Podpurri - Episod 2 “Carole Lorang”

Podpurri - Episod 1 “CHAiLD”

RTL Podcasts abonnéieren

Back to Top
CIM LOGO