Um SamschdegPolice mellt gewaltsamen Déifstall zu Esch, Alkohol hannert dem Steier uechter d'Land

RTL Lëtzebuerg
D'Police huet e Samschdeg a schonn an der Nuecht virdrun op e puer Plazen am Land misse agräifen – ënner anerem no engem gewaltsamen Déifstall zu Esch-Uelzecht an am Kader vu gréisseren Alkoholkontrollen.
© Laurent Weber

E Samschdeg gouf d’Police op e puer Plazen uechter d’Land op de Plang geruff. Kuerz no Mëtteg huet e Mann an der Rue du Canal zu Esch-Uelzecht eng Alkoholfläsch geklaut. Wéi de Besëtzer vum Buttek dem presuméierten Täter nogaangen ass, fir dësem d’Fläsch nees ofzehuelen, gouf deen Informatiounen no gewaltsam an huet de Besëtzer liicht blesséiert.

Eng Police-Patrull ass kuerz drop an der Grand-Rue op e Mann getraff, deen op d’Beschreiwung vum presuméierten Täter gepasst huet. Dëse gouf op Uerder vum Parquet festgeholl an engem Untersuchungsriichter presentéiert.

Alkoholkontrolle vum Parquet

An der Nuecht vun e Freideg op e Samschdeg huet d’Police op Uerder vum Parquet gréisser Alkoholkontrollen op eise Stroossen duerchgefouert. Kontrolléiert gouf ënner anerem an der Rue de Bettembourg zu Fenteng, um Boulevard FD Roosevelt an an der Rue de Beggen an der Stad.

Am Ganze goufen 204 Automobiliste kontrolléiert, dat och ouni konkrete Verdacht, wéi d’Police schreift. A siwe Fäll war den Test positiv, et goufe véier Procès-verbaux an dräi Avertissements taxés ausgestallt. Zwee Führerschäiner goufen iwwerdeems direkt agezunn.

Zousätzlech goufen a fënnef Fäll Onreegelméissegkeete bei de Pobeiere festgestallt.

Weider Fäll vun Alkohol hannert dem Steier

Géint 18.30 Auer e Freideg gouf der Police gemellt, datt eng alkoholiséiert Persoun e Café an der Rue Wecker zu Gréiwemaacher verlooss hätt, an hiert Gefier geklommen an a Schlaangelinne fortgefuer wier. Den Automobilist soll dobäi bal en Accident verursaacht hunn.

D’Gefier konnt kuerz drop beim Doheem vum Besëtzer ugetraff ginn. De Mann huet zouginn, gefuer ze sinn. Den Alkoholtest war positiv, e provisorescht Fuerverbuet gouf erstallt an de Führerschäin agezunn.

Géint 21.30 Auer gouf an der Route de Luxembourg zu Réiden op der Atert eng alkoholiséiert Koppel gemellt, déi mat hirem Auto wollt fortfueren. Bei der Kontroll huet sech erausgestallt, datt de Chauffer däitlech Zeeche vun Alkoholkonsum gewisen huet. Och hei war den Test positiv an et gouf e provisorescht Fuerverbuet ausgestallt.

Kuerz no Hallefnuecht gouf en Accident op der Kräizung tëscht der Avenue du Dix Septembre an dem Boulevard Pierre Dupong an der Stad gemellt – e Gefier war an d’Chauffersäit vun engem anere Gefier gerannt. Blesséierter gouf et keng, ma béid Autoe konnten net méi weiderfueren a missten ofgeschleeft ginn. Bei engem vun de Chauffere war den Alkoholtest positiv. E provisorescht Fuerverbuet gouf ausgestallt an de Führerschäin agezunn.

Kuerz drop gouf an der Rue de Rollingergrund an der Stad e méiglecherweis alkoholiséierte Chauffer gemellt. D’Gefier konnt op der Theater-Plaz gestoppt ginn. De Chauffer stoung der Police no däitlech ënner Alkoholafloss a wollt fortfueren, wéi hien d’Beamte bemierkt huet. Hie konnt weder e Führerschäin nach Pobeiere virweisen. Den Test war positiv, e provisorescht Fuerverbuet gouf ausgestallt an d’Gefier ofgeschleeft.

Back to Top
CIM LOGO