Beim traditionelle „Turquoise Carpet“ wäert och d’lëtzebuerger Kandidatin Eva Marija iwwer de turquoisen Teppech trëppelen an dobäi de Fans a Medien aus der ganzer Welt begéinen.
Den "Turquoise Carpet“ gëllt all Joer als ee vun den éischte groussen Highlights vun der ESC-Woch. D’Artiste presentéiere sech do fir d’éischt offiziell der internationaler Press an de ville Eurovision-Fans.
Sonndeg, 10. Mee 2026
16:55 Auer: Turquoise Carpet
Dënschdeg, 12. Mee 2026
21:00 Auer: Éischt Halleffinall
Déi éischt Halleffinall vum Eurovision Song Contest 2026 live vu Wien. Mat Lëtzebuerger Kommentar vu Raoul Roos a Roger Saurfeld.
Donneschdeg, 14. Mee 2026
20:00 Auer: RTL Spezial - Luxembourg Song Contest Documentaire
De Wee ob den Eurovision Song Contest zu Wien war fir d'Eva Marija lang! Ugefaangen huet alles um Luxembourg Song Contest Enn Januar an der Rockhal.
Wei hunn d'LSC Kandidaten déi eenzegaarteg Aventure deemools erlieft a wei eng Organisatioun stécht hannert dem grousse Musiksconcours.? Mir huelen iech mat an de Backstage!
21:00 Auer: Zweet Halleffinall
Déi zweet Halleffinall vum Eurovision Song Contest 2026 mat der Participatioun vum Eva Marija live vu Wien. Mat Lëtzebuerger Kommentar vu Raoul Roos a Roger Saurfeld.
Samschdeg, 16. Mee 2026
20:00 Auer: ESC Warm-up live aus der Stadthalle zu Wien
An dëser Live Sendung hu mer déi läschten News ronderëm d’Eva Marija an dem ESC direkt vu Wien. Mir schwätze mat Experten, Sänger a Fans a kucken a Reportagen zréck op déi läscht Woche Preparatioun.
21:00 Auer: Déi grouss Finall
Déi grouss Finall vum Eurovision Song Contest 2026 live aus Wien. Mat Lëtzebuerger Kommentar vu Raoul Roos a Roger Saurfeld.