
Wéi gewinnt ass den éischte Weekend am Juli zu Housen eng méi lass. Fir déi 26. Editioun zejoert hat sech d'FOAH asbl eppes Besonnesches afale gelooss: Amplaz vu just zwee Deeg konnte sech d'Museksfans op ganzer dräi Deeg gutt Stëmmung am Éislek freeën. Den Donneschdeg, dee ganze am Zeeche vu Lëtzebuerger Livemusek stoung, war dann och esou gutt ukomm, datt d'Organisateuren och dëst Joer bei dräi Deeg bleiwen.
Deemno fänkt de Festival och dës Kéier nees donneschdes un. Mat Druckluft ass zwar eng däitsch Band Headliner, ma och dës Editioun brénge Lëtzebuerger Acts wéi De Läb, Hunneg-Strëpp a Mambo Schinki d'Leit um Open Air zu Housen zum Danzen. Fir Kanner a Jugendlecher ënner 16 Joer ass deen Dag dann och gratis Entrée.
Um Freideg a Samschdeg geet et da wéi gewinnt weider mat engem Mix aus lokalen an internationalen DJen. Nieft groussen Nimm wéi Mattn, Nancie a Blueteck um Freideg sinn och den Dama an de Pero Diamond un den Turntables zu Housen.
Samschdes ass de groussen Highlight nees den Nosi. De Lëtzebuerger DJ, dee schonn um Tomorrowland opgetrueden ass, spillt nieft DJe wéi dem Waztoo an Aholics. Och nees mat dobäi sinn den Davo an den Dynamo M, déi beim DJ-Contest zejoert gewonnen haten.
De Festival mécht dann och dëst Joer bei der "Safer Night" mat. An Zesummenaarbecht mat der Pipapo asbl wëll den Open Air Housen iwwer d'Geforen am Nuetsliewen opklären. Dofir ginn ënnert anerem d'Membere vun der FOAH asbl an deem Sujet forméiert. Pipapo asbl wäert dann och mat engem Stand um Open Air Housen sinn, wou et eng sougenannt "Safe Zone" wäert ginn. Hei kënne Leit hikommen, deenen et grad net esou gutt geet.
Dëst Joer gëtt et zwar kee Camping méi, ma wien net mam Auto wëll heem fueren, kann amplaz de Late Night Bus huelen.
An och mat enger Food Mile, wou ee vu Burger iwwer Italieenesch bis Séisses kritt, ass fir d'Museksfans gesuergt.
Den Open Air Housen ass iwwerdeem och e Cashless-Event. Bezuele kann een deemno net mat Boergeld, mä just mat der Kreditkaart, dem Smartphone oder der Smartwatch.