Mat politesche Lidder kann een an enger Gesellschaft op Mëssstänn opmierksam maachen, Institutiounen oder ëffentlech Persoune kritiséieren a sech géint Ongerechtegkeete wieren. Och zu Lëtzebuerg goufen a ginn et vill sozialkritesch Texter. Am zweete Band vun der Bicherserie „De Georgely“, dee vun der Nationalbibliothéik an dem INECC erausbruecht gouf, kritt een elo 300 vun dëse politesche Lidder aus de leschten 200 Joer presentéiert.
D’Lëtzebuerger wiere net dofir bekannt besonnesch politesch ze sinn, huet et am Kasemattentheater geheescht, se géifen éischter iwwer Iessen, Gedrénks oder d'Natur sangen. Geselleg Lidder huet Lëtzebuerg der vill, dat stëmmt, an dat huet de Georgely 1, deen 2023 eraus koum bewisen. Ma wat de Georgely 2 beweist, ass dass Lëtzebuerg grad esou vill sozialkritesch Lidder ze bidden huet.
D’Lidder aus dem Buch huet de Georges Urwald, wéi och scho beim éischte Band, selwer gesammelt, sief et am Archiv, bei private Leit, oder aus scho bestoende Lidderbicher. Nieft dem Georges Urwald, dee se scho ronn 15 Joer mam Lëtzebuerger Lidderpatrimoine ausernee setzt, ass am Buch eng Aféierung vum Marc Limpach ze fannen, déi d’Leit mat an déi politesch Gesicht vum Grand-Duché hëlt. D’Bicher si nom Georges Weyer benannt, den ëm d’Joerdausendwend vum 19. Op dat 20. Joerhonnert vill mat senger Dréiuergel op Mäert, oder der Schueberfouer opgetrueden ass.
D’Lidder stamen aus der Zäit vun 1830 bis haut. Een Drëttel dovu wiere Lidder aus dem zweete Weltkrich. Bei de Recherchen huet de Georges Urwald vill iwwert de politesche Geescht vun de Lëtzebuerger erausfonnt a kann elo soen, dass sech de Kontext vu sozialkritesche Lidder mat de Jore geännert huet. Haut wier e sozialkritesche Message virun allem bei Jonke Museker an éischter am Hip Hop oder Rap ze fannen.
De Georgely 1 gouf fir d’éischt an enger Oplag vun 1000 Exemplaire geprint an hat esou vill Succès, dass du nach eng Kéier 1000 Bicher nobestallt goufen. Fir de Georgely 2 huet een elo och 1000 Bicher drécke gelooss, et erhofft ee sech awer net grad esou e groussen Undrang, wéi fir déi geselleg Lidder. En 3., 4. a 5. Band vun der Serie sinn och scho geplangt, dee nächste mat kulturhistoresche Lidder.