
Mat der EP Coffin Born setzt den Hamburger Quintett no 12 Joer Aktivitéit e Schlussstréch ënner eng beandrockend Lafbunn an der europäescher Death-Metal-Zeen – a mécht dat mat engem leschte Freedefeier aus HM-2-Riffer, D-Beat-Attitüd a kompromëssloser Energie.
Zënter der Debüt-EP Corrosive Revelation (2015) hu sech Endseeker konsequent no uewe geschafft. Mat Mount Carcass (2021) ass hinnen den Duerchbroch gelongen, wärend Global Worming (2023) hire Ruff als eng vun de spannendsten däitschen Death-Metal-Bands vun hirer Generatioun definitiv an Zement gegoss huet. Och bei hirem Optrëtt den 3. Juni 2024 an der Rockhal zesumme mat Asinhell an Desdemonia hu si dat ënner Bewäis gestallt. Coffin Born knäppt genee do un an déngt gläichzäiteg als musikalesch Zesummefaassung vun allem, wat d'Band iwwer déi lescht Joren esou staark gemaach huet.
Den Opener Enemies Of Peace léisst direkt keng Zweifel opkommen, datt Endseeker net mat gezunner Handbrems Äddi soen. D'Stéck kombinéiert schweedesch inspiréiert Kettesee-Sounds mat enger rauer Hardcore- a Crust-Punk-Energie, déi sech duerch déi ganz EP zitt, mat Ausnam zum Closer – mä dozou spéider méi. De Sound dréckt, ass aggressiv an awer erstaunlech präzis. Trotz aller Brutalitéit verléieren d'Lidder ni hir Struktur oder hir memorabel Hooken.
Virun allem den zweeten Track No After. No Before. stécht eraus - net nëmmen, well et dee schnellste Song an hirer Diskographie ass, mä och well d'Kompositioun beispillhaft weist, wéi gutt Endseeker technesch Präzisioun a spontan Aggressioun matenee verbannen. Blastbeats, Riffer déi seeën a mächteg Breakdowns gräifen hei perfekt aneneen.
Och textlech bleiwen d'Hamburger hirem Kurs trei. Nieft de gewinnten Death-Metal-Motiver vu Verfall, Doud a makabere Fantasië fënnt een och dës Kéier eng däitlech gesellschaftlech a politesch Dimensioun. D'Band scheit sech net, antifaschistesch Positiounen an eng kritesch Siicht op aktuell Entwécklungen an hiren Texter anzebauen. Dat wierkt ni beléierend, mä entsprécht éischter enger natierlecher Verlängerung vun där Roserei an där Frustratioun, déi schonn ëmmer en Deel vum Death Metal waren.
Fir eng iwwerraschend Oplockerung suergt déi ongewéinlech Coverversioun vum David-Hasselhoff-Song aus dem Film Kung Fury. Wat op den éischte Bléck wéi eng kurios Randnotiz ausgesäit, entwéckelt sech zu engem vun de sympatheschste Momenter vun der EP, och wa se mat Death Metal net méi all ze vill um Hutt huet. Mat der Ënnerstëtzung vun den Hamburger Kolleegen vu Lord Of The Lost beweisen Endseeker nach eng Kéier, datt si bei aller musikalescher Häert ni hire Sënn fir Humor verluer hunn.
Produktiounstechnesch gëtt et och näischt ze bemängelen. D'Gittare schneiden duerch de Mix wéi eng Motorsee duerch fiicht Holz, de Bass suergt fir déi néideg Déift, an d’Drums drécke mat enormer Wucht no vir. Gläichzäiteg bleift genuch Dynamik erhalen, fir déi verschidde Facettë vun de Songs erauszehéieren.
Coffin Born ass vläicht keng EP, déi de Genre nei definéiert. Dat muss se awer och net. Als "Äddi a Merci" funktionéiert se exzellent. Endseeker liwweren nach eng Kéier genee dat, wat hir Fans iwwer d'Jore schätze geléiert hunn: kompromësslosen Old School Death Metal mat Häerz, Haltung a genuch Melodie fir am Gediechtnes ze bleiwen.
Coffin Born kënnt den 19. Juni 2026 via Metal Blade Records eraus.

10.07.26 - Königsee - M.U.R. Open Air
11.07.26 - Laberweinting - Pure Fucking Metal FestEvil
24.07.26 - Osterholz-Scharmbeck - Burning Q
06.11.26 - Erfurt - Club From Hell /w Milking The Goatmachine
07.11.26 - Weiher - Live Music Hall /w Milking The Goatmachine
13.11.26 - Oberhausen - Helvete /w Milking The Goatmachine
14.11.26 - Berlin - Urban Spree /w Milking The Goatmachine
27.11.26 - Cham - LA Cham /w Milking The Goatmachine
28.11.26 - München Backstage /w Milking The Goatmachine