Passepartout um Samschdeg Owend En Jazz Trio, zwee Filmer an eng Konscht- Vitrinn

Sandy Elsen
Reis Demuth Wiltgen Trio, CeCiL's Box, de Film "Orphan" an de Kuerzfilm "Raccrocher"
"Passepartout" vum 20. Juni 2026
Den Trio Reis Demuth Wiltgen, e Filmtipp, CeCiL's Box an de Kuerzfilm "Raccrocher".

Dës Woch am Passepartout stellen de Reis Demuth Wiltgen Trio hiren neien a 5. Album fir. Den Jazz Trio huet den Album "Freedom Trail" zesumme mam Luxembourg Philharmonic an dem amerikanesche Saxophonist Joshua Redman opgeholl a vum Grammy Gewënner Vince Mendoza produzéiert.

Mir stellen iech de Film "Orphan" fir vum ungaresche Realisateur László Nemes, deen eis mat an d'Nokrichszäit hëlt an eng weider Diktatur thematiséiert.

Déi nei CeCiL’s Box weist eng Vitrinn mat Wierker vun der Kënschtlerin Sarah Schleich an de Kuerz a Knackeg Kuerzfilm vun dëser Woch ass "Raccrocher" vum Marylène Andrin-Grotz. Eng Geschicht iwwert den Elio, ee jonken Educateur, deen sech op eng intensiv a geféierlech Sich nom Cédric mécht, engem Drogenofhängegen, deen hie betreit. Fir net mussen op e neits an de Prisong ze goen, soll de Cédric géint een Dealer aussoen.

Back to Top
CIM LOGO